Projet “Digital Skills”

Am PRR (Plan pour la reprise et la résilience) vun 2021 huet d’Regierung de Projet “Ditigal Skills” virgestallt, ee Projet, bei deem all Persoun, déi tëscht dem 1.01.21 an dem 31.03.21 am Chômage partiel war, ee Bong vu 500€ krutt, fir digital Weiderbildungscoursen. Dofir kruten déi Betraffen ee Bréif mat engem Code, mat deem se sech iwwert Guichet.lu Coursen eraussiche konnten. Et soll hei drëms goen, dass dës Persoune kënnen “compétences numériques de base” erléieren. Dës Course sollte bis Dezember 2021 ofgeschloss ginn. Laut PRR si 40’000 där Bréiwer eraus goen. D’Regierung huet sech als Zil gesat, dass 11’700 Persoune vun dëser Mesure profitéiere géifen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hu Gebrauch vun dësem Bong gemaach?

  2. Laut PRR si Persounen, déi matgemaach hunn, och no hire sozio-ekonomesche Krittäre gefrot ginn, ewéi hiren Alter, Wunnuert, Aarbechtssecteur a Salaire.  Kann de Ministère d’Resultater vun dësem Questionnaire virleeën? Wat fir Konklusiounen zitt de Minister aus dem Profil, deen sech bei dësem Questionnaire erginn huet?

  3. Wat fir “compétences numériques de base” hunn d’Persounen, déi vun dëser Offer profitéiert hunn, sech ugëeegent? Wat war hei déi Kompetenz, déi un déi meeschte Persoune vermëttelt gouf?

  4. Wat war de schlussendleche Käschtepunkt fir dëse Projet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5866

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt