Projet de loi portant

1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 ;

2° de la loi modifiée du 24 juin 2020 portant in– troduction de mesures temporaires relatives à la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 et à la loi modifiée du 27 mars 2018 por- tant organisation de la sécurité civile dans le cadre de la lutte contre le Covid-19

Sven Clement:

Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, schonns dräi Wochen – bon, net emol genau dräi Wochen –, nodeems mer déi lescht Covidännerung gestëmmt hunn, kënne mer dat dann haut schonn nees maachen. An d’lescht Joer war et éischter esou, datt mer all dräi Wochen hu misse ver- schäerfen, dës Kéier kënne mer no dräi Wochen nach eng Kéier labberen. An ech mengen, et ass jiddweren- gem vun eis awer eng grouss Freed, trotz de steigen- den Zuelen, datt mer hei nach eng Kéier Labberunge kënne maachen.

Sécher kann ee sech froen, firwat dës Mesuren net schonn éischter geholl goufen, Wa mer et virun dräi Woche konnte maachen, dann hätt ee vläicht deen heite Jet och scho kënne matmaachen. Dat hätt een héchstwarscheinlech kënnen, ma et gouf jo och dis- kutéiert. Schlussendlech huet d’Regierung dat net zréckbehalen, soudatt et dann dräi Woche méi laang gedauert huet. Mee um Enn vum Dag, mengen ech, ass eppes, wat dës Pandemie eis geléiert huet: datt ee virsiichteg a schrëttweis virgoe soll.

A vis-à-vis vun all deenen Onsécherheeten, an ech mengen, d’Kolleeginnen an d’Kolleegen hunn et hei op der Tribün scho gesot: Mir hunn e Virus, deen nach ëmmer mutéiert, deen nach ëmmer zirkuléiert, a wou mer einfach immens grouss Onsécherheeten hunn, wéi et weidergeet. An do stellen ech mer dann einfach d’Fro … an dat mécht mer dann awer e bësse Suergen, datt mer e Mount méi spéit nach ëmmer op en Avis waarden an datt d’Regierung net kloer Faarf bekennt.

Iergendwann eng Kéier ass et och un de Parteien, fir kloer politesch Choixen ze maachen, fir kloer ze trennen, wat se dann elo wëllen oder net, an dat dann och ze kommunizéieren. Mir Piraten hunn dat an eisen Debaten hei an der Vergaangenheet scho gemaach, wann et ëm d’Impfflicht geet. Bei der Re- gierung, jee nodeem, wéi eng Partei oder wéi ee Minister ee freet, oder dann aus der Majoritéit, jee nodeem, wéi een Deputéierten ee freet, héiert een eng Kakophonie u verschiddenste Messagen: Mir wëllen eng Impfflicht; mir wëlle keng; mir wëllen eng sektoriell; mir wëlle keng sektoriell; mir wëlle se nach am Summer stëmmen, fir datt mer se am Hierscht hunn; jo, vläicht komme mer dann awer nach eng Kéier fréi am Hierscht zesummen.

Also ganz éierlech, domadder mécht ee kee Vertraue bei de Leit. An ech mengen, souguer bei Iech op där doter Säit … Also, datt mir op där heiter Säit – op där Säit, op där ech an der Chamber sëtzen – net am „se- cret des dieux“ sinn, verstinn ech jo, mee wann een awer Vertraue fir eng Impfflicht wëll opbauen, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, da muss awer wéinstens d’Ma- joritéit iergendwann mat enger Stëmm dozou kënne schwätzen.

Ech mengen, trotz den héijen Infektiounszuele si mer an de Spideeler am Moment an enger stabiller Situatioun an dat erlaabt eis, eebe genau dës Mesuren och elo am Gesond- heetssecteur an am Fleegesecteur ze labberen. Den obligatoresche CovidCheck gëtt soumat, nodeems e scho quasi iwwerall verschwonne war, dann elo och fir Visitten am Spidol oder am Altersheem ge- strach, wärend d’Maskeflicht awer bestoe bleift. An ech mengen, datt dat och e wichtege Choix ass fir ze soen, datt mer weiderhi grad am Ëmfeld vu Vulnera- belen op Maske setzen.

Ze betounen ass dobäi awer, an ech sinn es och net midd ginn, an der Kommissioun ze betounen – an ech sinn och dem Rapporter, deem ech fir de Rapport Merci soen, dankbar, datt en déi Umierkungen nach mat an de Rapport opgeholl huet –, datt mer d’Haus- recht an domadder och d’Méiglechkeet fir Dokteren, eng Maskeflicht an hire Praxissen duerchzesetzen, nach eng Kéier kloer am Rapport verankert hunn. Et ass heiansdo: „Ça va mieux en le disant“. Et ass dat, well u sech d’gesetzlech Basis kloer war, mee wa souguer de Collègue médical Froen opwerft, wann d’COPAS Froen opwerft, da sollt een déi am Rapport zumindest och beäntweren. Merci nach eng Kéier, datt dat gemaach gouf.

D’Kolleeginnen a Kolleege virdrun hunn hei vun onofhängegen Etüde geschwat. Also fir déi, déi vir- drun nach net mat hire Fraktiounscheffe geschwat hunn: Mir kruten alleguerten eng Invitatioun, fir den 11. Juli elo mat der OECD, mat enger onofhängeger Kommissioun, ze schwätzen, fir eebe genau bei esou enger Etüd matzemaachen. Also, ech di mech wierk- lech schwéier, elo ze soen: „Mir fuerderen nach eng onofhängeg Etüd“, wa mer nach net emol wëssen, wat bei där éischter erauskënnt. Et kann een driwwer streiden, ob se net hätt éischter misse kommen. Do sinn ech ganz bei der CSV, datt déi hätt missen éisch- ter kommen. Mee ech sinn awer der fester Iwwerzee- gung, datt mer elo emol d’OECD mussen hir Aarbecht maache loossen an net elo schonn d’Onofhängegkeet vun der OECD sollten a Fro stellen. Dat ass awer e bësse wäit hiergeholl. Deementspriechend zur Etüd: Et hätt missen éischter kommen. Ech sinn awer frou, datt mer do elo alleguerten, och d’Chamber, gehéiert ginn.

Virdrun hunn ech hei nach e farfelut Argument zum Dateschutz héieren, wou Froe gestallt goufen. Also, ech hu mech an där Kommissioun vill mat den Date- schutzfroen auserneegesat an ech si mer relativ sécher, datt am Gesetz op all Fro, déi hei op der Tribün gestallt gouf, eng ganz kloer Äntwert drasteet an datt een u

sech nëmmen eng kleng Lektür vum Text misst maa- chen an da wär een och méi schlau ginn an et misst een net hei an der Chamber e Stunt maachen.

Bref, dat gesot, eng weider Labberung, wéi se hei am Projet steet, fënnt eise Support. Mir Piraten begréis- sen et a kënnen duerfir mat Freed eisen Accord zu dë- sem Projet de loi ginn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam