Projet de loi 8145, eng Ofännerung vum Gesetz iwwert d’Bäihëllefe fir d’Betriber

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Piraten begréissen d’Upassung vun dëse Plaffongen. Mir haten an der Kommissioun e kuerzen Echange nach driwwer, wat dat kascht. Mir sinn do gewuer ginn, datt bei ganz ville Betriber glécklecherweis de Seuil nach guer net erreecht gouf, datt et hei awer éischter och en vue vun der Verlängerung vum Gesetz néideg gëtt, déi Seuilen nach eng Kéier an d’Luucht ze setzen, well soss, wann een dat natierlech iwwert d’Zäit cumu- léiert, déi dat Gesetz hei a Kraaft bleift, mer dann iergendwann eng Kéier kéinte Problemer kréien.

Deementspriechend ass dat hei fir eis ganz kloer eng Mesür, déi och an d’Zukunft kuckt, déi dat éischter previsibel mécht, wéi datt se elo retroaktiv hei pro- béiert, nach eppes ze retten. Et gesäit esou aus, als géif et de Betriber däitlech besser goen, wéi mer am Ufank gefaart haten, wéi mer dat Gesetz hei op den Instanzewee bruecht hunn. Ech mengen, dat ass dat, wou mer haut sollte frou driwwer sinn, net doriwwer, datt mer d’Gesetz nach eng Kéier verlängere mussen, datt mer Plaffonge mussen upassen, mee u sech sollte mer frou driwwer sinn, datt et eise Betriber däitlech besser geet, wéi mer hätte kënne fäerten, wéi dat Gesetz hei initial op den Instanzewee koum. An dat freet eis. An dofir wäerte mer dat Gesetz hei och matstëmmen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt