Projet de loi 8144, eng Ofännerung vum Gesetz iwwert d’Bewäertung vum Ëmweltimpakt

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem François Benoy fir dee gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Jo, et soll méi séier goen, domat si mir och averstanen. Et däerf awer net den Androck herno entstoen oder esou gemaach ginn, dass vläicht manner streng kontrolléiert gëtt, well et vläicht fir eng gutt Cause ass, fir eng Zuch- streck oder iergendeppes. Den Ëmweltschutz ass awer nach wichteg an et muss ee sech déi néideg Zäit huelen an et muss een déi néideg Kontrolle maachen, fir awer net der Natur herno méi ze schueden, wéi een et och mat enger neier Linn géif maachen.

Mir stëmmen deem zou, awer mat dem klengen Hi- weis, dass ee weiderhi soll immens streng kucken; ech weess, mir hunn heiansdo Diskussiounen, wou mer gäre méi streng géife kucken, wéi dat de Mo- ment am Ëmweltministère de Fall ass, mee dass och an Zukunft vill méi streng gekuckt gëtt, fir der Ëmwelt net ze schueden. Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an