Projet de loi 8113 iwwert d’Ofännerung vum REVIS a vum RPGH

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Gilles Baum fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Jo, et kéint een nach stonne- laang iwwert de REVIS diskutéieren, deen eis Piraten sécherlech an der aktueller Constellatioun och net gefält. Mir stëmmen awer haut déi 3,2 % mat, well Dir gesitt alleguerten, wann Der an den Office social gitt, wéi batter néideg et ass, wéi batter néideg d’Leit déi kleng Hausse hunn. A mir hoffen, dass et elo e bëssen hëlleft, mee mir mussen eng Kéier driwwer diskutéieren, wéi d’Leit am REVIS, wéi d’Leit op den ënneschten Trape liewen, an dat ass sécherlech eng Diskussioun, déi mer nach sollte virun de Wale féie- ren.

Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt