Projet Darwin

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Verdeedegung & Finanzen weiderzeleeden.

Laut engem Artikel vum 18ten November vu reporter.lu, gouf et 2018 Pläng vum deemolege Verdeedegungsminister Etienne Schneider, fir d’Direktioun vun der Defense an der Police, esou wei de SREL a Gebailechkeeten op der Cloche d’Or ënnerzebréngen. Laut dem Noriichteportal hätt dëse Projet, dee warscheinlech de Sécherheetsstandarde fir dës Administratiounen net entsprach hätt, de Steierzueler um Enn bis zu 70 Milliounen Euro kascht.
  1. Wéi vill Gebailechkeeten huet de Staat säit dem 6.12.2013 duerch eng esou genannte Prozedur location-vente kaaft?
  2. Firwat hunn d’Ministeren no de Walen 2018 decidéiert, déi verschidden Direktiounen net an d’Gebai Darwin op d’Cloche d’Or ze plënneren?
  3. Firwat gouf no de Walen 2018 decidéiert, fir d’Servicer vum Ministère de la Santé an dësem Gebai ënnerzebréngen?
    Gëtt et eng clause d’achat am Kontrakt tëscht dem Staat an de Besëtzer vum Gebai?
  4. Laut reporter.lu, huet den deemolegen Arméisminister Drock op seng Servicer gemaach, dass de Projet nach virun de Walen 2018 ofgeschloss sollt ginn. Ee Projet, an deen ee Promoteur verwéckelt ass, bei deem den deemolege Minister och privat gelount huet.
    Gesinn d’Ministeren an dësem Fall een Interessekonflikt?

Verlaaf an der Chamber

Fro n°3158

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene