Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Problemer beim Lëtzebuerger Noriichtendéngscht?

Mam Arrêté grand-ducal vum 16ten November 2023 ass d’Demissioun vun der Direktesch vum staatlechen Noriichtendéngscht (SRE) ugeholl ginn. Obwuel virum Récktrëtt an der internationaler Press eng Rei Uschëllegunge vis-à-vis vun der Directrice hirer Aarbechtsweis gemaach goufen, soll d’Demissioun net op e Feelverhalen zeréck goen, mee just dem Wonsch op Pensionéierung vun der Directrice entspriechen. Trotzdeem stellt den Timing eng Rei Froen an de Raum an och d’Uschëllegungen aus der Press verlaangen no Äntwerten. Konkret hu Quelle vun der Press z. B. a Fro gestallt, ob Lëtzebuerg d’Geheimhaltung vun EU- an Nato-Informatiounen ënnert der Leedung vun der eemoleger Directrice konnt garantéieren, a kritiséiert, dass net genuch gemaach gi wier, fir russesch Spionageaktivitéiten ofzewieren. Och d’Bezéiungen an d’Zesummenaarbecht mam Ausland sollen an der Vergaangenheet gelidden hunn, an zwar esou staark, dass Lëtzebuerg vun enger Rei internationalen Informatiounskanäl net méi profitéiere kéint.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis vun der Berichterstattung vum Euobserver?
    Falls jo: Wéi eng Konsequenzen zitt d’Regierung?

  2. Ass et richteg, dass et Problemer gouf, d’Geheimhaltung vun internationalen Informatiounen/Dokumenter (z. B. vun der EU an/oder Nato) ze garantéieren?
    Falls jo: Wat plangt d’Regierung ze maachen (oder wat gouf schonns gemaach), fir dëse Problem ze léisen?

  3. Ass et richteg, dass Lëtzebuerg op mindestens ee Kanal fir den internationalen Informatiounsaustausch net méi zougräife kann, ob deen an der Vergaangenheet zougegraff konnt ginn, well et Spannungen tëscht Lëtzebuerg an den USA gouf?
    Falls jo: Awéifern ass dëst fir Lëtzebuerg e sécherheetspoliteschen Nodeel a wat huet zu den ugespaante Bezéiunge gefouert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 47

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll