Problemer mat der Mobilitéitszentral

All Bierger kann iwwert d’Mobilitéitszentral Informatiounen zu dem ëffentlechen Transport, der Mobilité douce an dem Wee mam Auto fannen. Iwwert d’Helpline +352 24 65 24 65 kënnen d’Leit dann och Nofroe stellen a reklaméiere, wann mol eng Kéier eppes net klappt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune mat wéi enge Stonnekontrakter si fir Helpline vun der Mobilitéitszentral zoustänneg?

  2. Wéi vill Appeller sinn am leschte Joer (pro Woch) an der Mobilitéitszentral agaangen? Wéi vill Prozent vun dësen Appeller goufen traitéiert?

  3. Wéi vill Reklamatioune sinn am leschte Joer an der Mobilitéitszentral agaangen?

  4. Wat fir Suitte kruten déi Reklamatiounen?

  5. Oft kënnt et fir, dass d’Mobilitéits-App uweist, dass ee Bus op enger Plaz wier, en a Wierklechkeet awer nach eng ganz Réi Arrête vun deem Punkt op der Streck ewech ass. 

    Wéi kommen esou Diskrepanze bei der App zustanen, wou ee Bus als passéiert ugeschloe gëtt, den Arrêt awer bis elo nach guer net areecht huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7609

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt