Problemer beim automatiséierten Informatiounsaustausch vu Steierdaten?

International Accorde fir den Austausch vu Steierdate sinn noutwenneg, fir net als Steieroase ze gëllen, fir d’Steierhannerzéiung ze bekämpfen a fir eng fair Besteierung ze garantéieren, bei där jiddereen säin Undeel an deem Land bezilt, wou e muss. An Däitschland hu Presseberichter awe widderhuelt dorobber higewisen, datt et beim automatiséierten Informatiounsaustausch vu Steierdaten reegelméisseg zu Problemer kënnt, well d’Software, déi dofir agesat sollt ginn, entweder net disponibel ass oder Problemer verursaacht.

An enger parlamentarescher Ufro hunn d’Piraten an dësem Kontext dem Minister fir Finanzen déi folgend Froe gestallt:

  • Mat wéi enge Länner huet Lëtzebuerg zanter wéini en Accord, fir Steierdaten auszetauschen?
  • Wéi vill Datesäz ginn zanter dem Akraafttriede vun de jeeweilegen Accorden u Partnerlänner iwwermëttelt (opgeschlësselt no Joer a Land)?
  • Wéi vill Datesäz empfänkt Lëtzebuerg duerch dës Accorden (opgeschlësselt no Joer a Land)?
  • Gouf d’Verschécken an d’Unhuele vu Steierdaten duerch e Logiciel bei der Steierverwaltung automatiséiert?
    • Falls jo; zanter wéini kënnt dëse Logiciel zum Asaz? 
    • Falls nee; firwat net, a ginn et Pläng fir eng digital Automatiséierung anzeféieren?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt