Rezent hu sech Stëmmen zu Wuert gemellt, déi bemängelen, dass et am Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck e Problem géif gi bei der Prise en charge vu Patienten, déi opgrond vu Verletzungen oder Krankheeten an d’Spidol mussen an net um Covid-19 leiden.
Aus sanitäre Grënn musse Patienten, déi um Covid-19 leiden, wann se am Spidol ukommen, un enger anerer Entrée empfaange gi, wéi Patiente mat anere gesondheetleche Problemer. Vill Spideeler am Land, an dorënner och de Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck, hunn awer nëmmen eng richteg Ambulanz-Zoufaart. Esou ergëtt sech de Problem, dass déi eng Patiente regulär iwwert de Wee vun enger Ambulanz-Garage kennen am Spidol opgeholl ginn, wärend fir déi aner eng alternativ Entrée muss genotzt ginn, déi leider oft méi schlecht accessibel fir d’Ambulanzen an/oder net iwwerdaacht ass.
An de vergaangene Méint gouf am Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck probéiert, dëse Problem duerch eng Zeltanlag ze léisen, mee säit kuerzen, sinn och dës Zelter net méi do. Esou kenne Patienten, déi net um Covid-19 leiden, aktuell zu Ettelbréck vun der Ambulanz just nach bis virun d’Spidol gefouert ginn a mussen dann awer nach ënner fräiem Himmel e Stéck ze Fouss bis an d’Spidol tëppelen, oder mat engem Rollstull oder Brancard gefouert ginn. Jenodeem a wéi engem Zoustand sech e Patient befënnt a wéi d’Wierder ass, kann dësen zousätzleche Wee duerch dat kaalt an naasst Wierder, eng erhieflech Belaaschtung duerstellen.
An deem Zesummenhang hu mir der Gesondheetsministesch dës Froe gestallt:
- Ass der Ministesch den duergestallte Problem bekannt?
- Ginn et nach aner Spideeler am Land an deenen et Problemer gëtt, well net genuch iwwerdaachten Zoufaarte fir Ambulanzen existéieren?
- Wäert d’Ministesch sech mat de betraffene Spideeler a Kontakt setzen, fir eng Léisung auszeschaffen, déi weder Patienten, déi um Covid-19 erkrankt sinn, nach Mënschen, déi aus anere Grënn an d’Spidol mussen, benodeelegt?
Fro n°3264