Privat Sécherheetsfirmen si keng Police

Kontext:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass e Kontrakt tëscht enger Gemeng an enger privater Sécherheetsfirma, dee virgesäit, dass am ëffentleche Raum solle Patrulle gemaach ginn, net vum Gesetz vun 2002 iwwer de Gardiennage ofgedeckt ass;
  • dass et an engem gemeinsame Pressecommuniqué vum 25.Januar vun der LSAP, déi Lénk an déi Gréng heescht: “Eng éischt Asiicht an di Dagesrapporten (keng exhaustiv Analysen), di vun den Agente vu GDL Security fir d’Gemeng verfaasst goufen, gehäit allerdéngs Froen op: Sou gi beispillsweis awer eenzel Incidenter tëschent GDL Security an der Police notéiert, d’Interventioun ausserhalb vum ëffentleche Raum ass beschriwwen, racial profiling ass dokumentéiert, den Hond gëtt aktiv agesat, d’Agenten huelen eegen Initiative par rapport zu Leit, di hirer Meenung no den Ordre public stéieren.”

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. den Asaz vu private Sécherheetsfirmen duerch Gemengen fir eng Aktivitéit op ëffentleche Plazen ze stoppen.
  2. bei de betraffene Gemengen Asiicht an d’Rapporte vun de private Sécherheetsfirmen ze froen, d’Dokumenter ze evaluéieren an am Fall wou et Hiweiser op racial profiling gëtt, déi néideg juristesch Schrëtt anzeleeden.

D’Motioun gouf mat de Stëmmen vun der Majoritéit ofgeleent.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen