Privat Konschtsammlungen an nationale Muséeë

D’Assurance an de Stockage vu Konschtsammlungen oder eenzele Wierker, déi a Privatbesëtz sinn, ginn vun nationalen Muséeën iwwerholl, wann d’Besëtzer zoustëmmen, dass de Musée d’Konschtwierker dem Public zougänglech maachen kann. Mir welle wëssen, wéi vill Euro de Staat op dëse Wee fir den Ënnerhalt an d’Versécherung vu privaten Konschtinvestissementer ausgëtt.

Am folgenden fannt dir den Text zu eiser Fro:

Privatpersounen, déi eng Konschtsammlung oder e wäertvollt Eenzelstéck besetzen, kennen hier Konschtwierker u Muséeë verléinen. Esou hunn déi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg, laut Aussoe vun der Presse an der Madamm Ministesch, eng Rei Wierker an och ganz Kollektioune vu Privatleit am Prêt. Dës Wierker a Kollektioune ginn op d’Käschten a Verantwortung vun de Muséeën stockéiert, ënnert der Konditioun, datt d’Wierker kënnen dem Public zougänglech gemaach ginn. D’Besëtzer musse wärend der Zäit, wou se hier Biller de Muséeën zur Verfügung stellen, also keng Käschte fir de Stockage oder d’Assurance vun hire Wierker a Kollektiounen iwwerhuelen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  • Wéi vill Wierker oder ganz Kollektioune sinn am Moment (opgelëscht nom Musée an der Unzuel vu Wierker pro Prêt) a Muséeë mat staatlecher Bedeelegung am Prêt?
  • Wéi héich sinn d’Käschte fir d’Assurancen, fir de Stockage a fir aner Fraisen, déi duerch dës Prête fir d’lëtzebuergesch Muséeën entstinn (opgelëscht no Musée)?
  • Mussen d’Besëtzer vun dëse Wierker dësen “avantage en nature” a Form vun enger Stockéirung a Versécherung vun hire wäertvollen Investissementer versteieren? Oder handelt sech hei em eng steierfräi Faveur, fir méi Sammler zu engem Prêt ze motivéieren?
  • Wéi héich ass d’assuréiert Somme vun deene Wierker, déi de Muséeë selwer gehéieren am Verglach zu der assuréierter Somme vun deene Wierker, déi geléint sinn (an absoluten a relative Wäerter)?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren