Privat Fotoen – Schutz vun der Privatsphär

Obwuel d’Recht op Privatsphär an d’Recht op eng reegelkonform automatiséiert Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten duerch eng ganz Rei national an europäesch Texter geschützt ginn, kënnt et ëmmer nees vir, dass Persounen sech an dësem Domaine an hire Rechter verletzt fillen, well et nach Gesetzeslücke gëtt oder d’Technologie méi séier viru geet, wéi d’Legislatioun.

Rezent huet sech eng Persoun bei eis gemellt, déi sech an hirem Recht op Privatsphär gestéiert gefillt huet, well een, dee bei si op Besuch komm war, ongefrot Fotoe vun de banneschte Raim vun hirem Doheem gemaach an des Fotoen un Drëtter weider ginn huet. Op de Fotoe waren nëmme Géigestänn a keng Persounen ze gesinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass et richteg, dass et aktuell keng gesetzlech Protektioun virun Handlunge wéi där genannter gëtt, well d’Gesetz iwwert de Schutz vum Privatliewen dëse Fall net ofdeckt an och d’Recht op d’eege Bild net ka gëlteg gemaach ginn, well déi betraffe Persoun net op de Fotoen drop ass?
    • Falls jo: Ginn et Pläng dës Gesetzeslück zouzemaachen, fir ze verhënneren, dass Fotoen aus de private Raim kënne genotzt ginn, fir Persounen ënner Drock ze setzen, falls op de Biller Saachen ze gesi sinn, déi fir déi Concernéiert onangeneem sinn?
    • Falls nee: Ëm wéi eng gesetzlech Basis handelt et sech?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7784

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023