D’Administration de la nature et des forêts (ANF) këmmert sech ënnert anerem ëm verschidden Aspekter vum Natur- an Ëmweltschutz an ëm eng nohalteg Gestioun vun de Bëscher. Dobäi muss si a verschiddene Fäll op d’Aarbecht vu private Firmen zeréck gräifen. Fir Projeten, déi méi ëmfangräich sinn, ginn dofir ëffentlech Ausschreiwung gemaach, esou wéi déi europäesch Reegelen iwwert d’Marchés publics an déi national Gesetzer et virgesinn. Bei méi klenge Projeten si keng Ausschreiwungen néideg.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bei wéi ville Projeten, déi d’ANF an Optrag ginn huet, goufen an de leschte fënnef Joer ëffentlech Ausschreiwunge gemaach?
Wéi vill dovu waren national a wéi vill europäesch Prozeduren? -
Bei wéi ville Projeten, déi d’ANF an Optrag ginn huet, goufen an de leschte fënnef Joer keng ëffentlech Ausschreiwunge gemaach?
Wéi vill dovu ware jeeweils procédures négociées avec ou sans publication d’avis, procédures restreintes sans publication d’avis oder Marchéeën, déi fräi vergi goufen? -
Wéi eng Entreprisen waren an de leschte fënnef Joer déi fënnef gréissten Optragsnehmer vu Projeten ouni ëffentlech Ausschreiwungen?
Wéi vill Opträg hunn déi fënnef gréissten Optragsnehmer krut a wéi vill Euro sinn un déi eenzel Firmen ausbezuelt ginn?
QP Nummer 4