Prise en Charge vun Transportskäschten an d’Ausland duerch d’CNS

Heiansdo kënnt et vir, dass Leit, déi zu Lëtzebuerg net kënne medezinesch behandelt ginn, fir hier Behandlung an d’Ausland musse fueren. D’CNS iwwerhëlt a verschiddene Fäll een Deel vun de Transportkäschten, wann ee Patient am Ausland muss behandelt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mol goufen an de leschte 5 Joer d’Transportkäschte vu Patienten am Ausland iwwerholl? (opgeschlësselt no Joer)

  2. Wéi vill Euro goufen an deene leschte 5 Joer vun der CNS fir Transportkäschte vu Lëtzebuerg an d’Ausland bezuelt? (opgeschlësselt no Joer)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6165

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt