Prioritéite bei Covid-Impfungen an Altersheimer

An de vergange Woche goufen d’Residenten an och d’Personal aus Alters-a Fleegeheemer géint de Covid-19 geimpft, wa si dëst wollten. Well et net méiglech war, all d’Bewunner aus de Strukturen gleichzäiteg ze impfen, huet missten eng Selektioun gemaach ginn, wéi eng Häiser virun aaneren un den Tour kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung eis eng Lëscht ginn, op där d’Alters- a Fleegeheemer an och d’betreite Wunnstrukture fir eeler Leit der Rei no opgelëscht sinn – ugefaange bei deem Haus, wat als 1. geimpft gouf, an opgehale mat deem, wat als lescht um Tour ass?

  2. Kann d’Regierung dëser Oplëschtung Erklärungen dobäifügen, aus deene jeeweils ervir geet, firwat ee konkret Haus virun engem aneren un d’Rei koum?

Fro 3917

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt