Prime à responsabilité fir Coordinateur de cycle am Enseignement

Am Enseignement ginn et sougenannten Coordinateur de cycle. Zu hiren Tâchen gehéieren zum Beispill d’Organisatioun vu wöchentleche Versammlungen, déi an der Reegel 1,5 Stonnen sollen daueren. Do dernieft mussen si zum Beispill och d’Versammlunge leeden, si sinn fir den Ordre du jour verantwortlech an schreiwen uschléissend déi entspriechend Rapporten. Well et sech beim Coordinateur de cycle
ëm e Poste à responsabilité particulier handelt, kréie betraffe Persounen ënnert anerem e Supplement, eng sougenannte Prime de responsabilité. Do dernieft ginn hinnen dës Posten dann och mat Punkten am Echelon ugerechent.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Coordinateur de cycle kréien hei am Land eng Prime de responsabilité?

  2. Wéi eng Posten am Fondamental si fir dës Primme eligibel a wéi eng Poste sinn dofir net eligibel?

  3. No wat fir enge Krittäre ginn d’Persounen, déi dës Primme kréien, ausgesicht respektiv wat fir eng Fakteure spille beim Choix vun de Persounen eng Roll? 

  4. Wéi vill Posten am Organigramm ginn et déi dës Primme kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 45

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt