Profit-Crèchen

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°2156 huet den Minister geschriwwen, dass déi net-konventionéiert Gestionnairën (also déi privat Betreiungsstrukturen fir Kanner) virun allem am Klengkandberäich eng wichteg Roll spillen an e groussen Deel vum Besoin ofdecken.

Privat Gestionnairë kënnen e Supplement pro Stonn froen. Well et net genuch ëffentlech Betreiungsstrukture ginn, musse vill Elteren hir Kanner deemno an eng privat Struktur setzen an dofir oft kräfteg Supplementen bezuelen. Vill privat Gestionnairë verdéngen sech esou eng gëllen Nues mat deem System, dee mat Steiergelder subventionéiert gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Dierf eng Privatpersoun, déi eng privat Crèche, déi vum CSA profitéiert, parallel iwwert eng aner Firma, déi der nämmlechter Persoun gehéiert, sech d’Gebäi ofbezuelen mat deem Geld, wat et vum Staat ausbezuelt kritt?
    Falls jo, firwat fënnt de Minister, dass dat fair ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2242

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt