Preventiounsmechanisme an de Lëtzebuerger Schoule géint Zwangsbestietnesser

An der parlamentarescher Fro n°3987 vum 30. Mäerz 2021 huet den honorabelen Deputéierte Goergen d’Problematik vun Zwangsbestietnesser zu Lëtzebuerg ugeschwat. Hien huet ënner anerem drop higewisen, dass et zu Lëtzebuerg aktuell nach net genuch Méiglechkeete gëtt, fir Mënsche virun Zwangs- a Kannerbestietnesser ze schützen. D’Äntwert vun der Regierung huet zwar op verschidde bestoend Moossname verwisen, awer et bleift d’Fro, ob dës Efforten duer ginn, fir dësem komplexen an dacks verstoppte Problem entgéintzewierken.

Doriwwer eraus huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) a sengem Rapport vun 2022 op d’Risike vun Zwangsbestietnesser zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach. Dëst ënnersträicht d’Drénglechkeet, datt mir als Gesellschaft a politesch Verantwortlecher dëser Problematik méi Opmierksamkeet widmen an effektiv Léisungen entwéckelen. Et ass wichteg, datt mir all eis Institutiounen – vun der Schoul iwwer d’Asylservicer bis hin zu eise Geriichter – besser equipéieren, fir dës Fäll ze erkennen, ze verhënneren an d’Affer adequat ze schützen. 

  1. Wéi eng Preventiounsmechanisme gëtt et aktuell an de Lëtzebuerger Schoulen, fir Schüler:innen iwwer Zwangsbestietnesser an hir Rechter opzeklären?
  2. Wéi ginn d’Enseignanten an d’Schoulpersonal geschoult, fir potenziell Fäll vun Zwangsbestietnesser ze erkennen an adequat ze reagéieren?
  3. Wéi eng spezifesch Ënnerstëtzung kréie Schülerinnen, déi Affer oder potenziell Affer vun Zwangsbestietnesser sinn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt