Pressecommuniqué Biegerbedeelegung

D’Cellule scientifique vun der Chamber huet den Deputéierten a Fraktiounen eng Analyse bereet gestallt, déi d’Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg analyséiert. Konkret, ënnersicht d’Etude d’Ëmsetzbarkeet vun engem permanente System a sträicht dobäi besonnesch d’Recommandatiounen aus de wëssenschaftlechen Evaluatioune vun de Pilotprojeten ervir, déi 2021 an 2022 duerchgeféiert goufen. D’Piraten begréissen déi duerchgefouerten Analyse, déi ganz kloer d’Potenzial vu méi Biergerbedeelegung opweist. Mir Piraten hunn hei eng ganz kloer Meenung, an dat net eréischt säit dem Rapport oder de leschte Walen, mee säit der Grënnung vun der Partei : d’Bierger verdéngen dass een se
no hirer Meenung freet, dass een se an de politeschen Entscheedungsprozess méi staark mat abënnt. Mir Piraten hunn an de leschte Joren hei ganz vill Propose gemaach. Zum Beispill :

  • D’Aféiere vun engem representative Biergerrot op nationalem Niveau, verankert am politesche Prozess a mat gesetzlecher Basis esou wéi en elo och am Rapport beschriwwe gëtt.
  • D’Aféiere vu partizipative Budgeten op nationalem Niveau, dat heescht eng direkt Bedeelegung vun de Bierger wann et ëm d’Steiergelder geet.
  • Eng direkt Méiglechkeet developpéieren, wéi d’Bierger Debaten an der Chamber kënne lancéieren.
  • Eng Plattform entwéckelen, déi et de Bierger erlaabt Ministeren an hire Ministèrë politesch relevant Froen ze stellen, änlech dem Recht wat den Deputéierten zousteet.
  • Op lokalem Niveau kéint een an de Gemengen eng dediéiert Persoun fir d’Biergerbedeelegung afuerderen, an esou och op lokalem Niveau et net méi réng dem Zoufall an dem politesche Wëllen iwwerloossen.
  • Weider Pilotprojete lancéieren, wéi zum Beispiller Biergerforen, Future Labs, Biergerkonferenzen och aner Forme vun engem Panel, woubäi all Format sech besser fir dat eent oder anert Thema eegent.


D’Piraten hunn am Joer 2019 an der Chamber ee Gesetzesvirschlag agereecht fir eng e Biergerrot zu Lëtzebuerg anzeféieren. Och bei der Pensiounsreform hu mir ëffentlech gefuerdert, dass d’Bierger méi staark an d’Entscheedunge mat agebonne ginn. Och hei iwwerall huet sech leider gewisen, dass eng reell Biergerbedeelegung politesch net gewollt ass. Och d’Etude vun der Cellule seet, dass de Succès vum politesche Wëllen ofhänkt. Dass dat zu Lëtzebuerg nach net de Fall ass, wonnert kee wann een sech d’Beispiller ukuckt, déi am Detail vun der Etude ze fanne sinn. Hei ginn an der Etude besonnesch d’Kandidat:innen vun der LSAP, dem ADR an och d’CSV mat hirem Walprogramm als negativ Beispiller erwäänt.

Eis Regierungskoalitioun wäert elo op déi existent Méiglechkeeten hiweisen, d’Petitioune déi duerch hir rezent Entscheedung erschwéiert gi sinn, oder och d’Méiglechkeet vun engem Gesetzesentworf, also engem oft héich techneschen Dokument wat net wierklech e Bierger dozou motivéiert sech um politesche Prozess ze bedeelegen. No nationale Pilotprojeten ass 3 Joer laang net wierklech eppes geschitt. Eise Gemenge gëtt sëlwer iwwerlooss op se eppes maache wëllen oder net. Hei ginn et ganz positiv Beispiller wéi Concertatiounen oder och zum Beispill e Jugendgemengerot. Mir sinn awer der Meenung dass d’Recht seng Meenung ze äusseren, d’Recht sech un Entscheedungen ze bedeelegen déi di eegen Zukunft betreffen, net soll dovun ofhänken a wéi enger Gemeng ee wunnt.

Liest een sech duerch de Rapport, stellt een sech séier d’Fro: ass dat alles wierklech demokratesch ? Ass dat wierklech alles dofir maachen, dass de Bierger hei zu Lëtzebuerg eng Stëmm huet ? Et ass katastrophal, dass an dësem Rapport vun engem strukturellen Defizit vun eiser Demokratie geschwat gëtt, vun der Noutwennegkeet vun enger méi oppener Demokratie wou d’Bierger sech un dem politesche Prozess bedeelege kënnen. Den aktuellen Zoustand dierf esou net méi akzeptéiert ginn. Wann der Regierung eis permanent Fuerderungen net duer ginn, muss dëse Rapport spéitstens weisen, dass elo muss gehandelt ginn. Outile ginn et genuch, elo brauch et de politesche Wëllen. Dofir soe mir ganz kloer:
Schluss mat den Ausrieden, gitt de Bierger endlech eng Stëmm !

Zesummenhang posts

D’Wort beriicht an engem Artikel vum 31ten Oktober 2025 doriwwer, wéi ee Schüler am Zentrum vu Lëtzebuerg vun zwee anere Jugendlechen zerschloe gouf. Et
D’Lëtzebuerger Land huet an engem Artikel vum 31ten Oktober beriicht, datt d’Berodungsfirma Beta Aquarii, déi vum fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider gegrënnt gouf, am Joer
D’Wort beriicht an engem Artikel vum 28ten Oktober doriwwer, datt Microsoft Teams eng nei Funktioun aféiert, déi automatesch erkennt, a wéi engem WIFI-Netzwierk eng