D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och Deputéierten & Member vun der Finanzkommissioun, dem Gabriel Bleser (Kandidat am Zentrum & Affekot) an dem Teresa Monteiro Gonçalves (Kandidatin am Süden & Comptable) geleet.
Steiermoossnahmen fir déi schaffend Leit (Akommessteier)
Den aktuelle System vun der Akommessteier ass oniwwersiichtlech, ineffikass an ongerecht. Vill Leit wëssen net wéi eng Steiererklärung geet a jee nodeems, wéi eng Zort Akommes een huet, gëtt een aneschters besteiert. Doriwwer eraus bezillt ee méi Steieren, wann ee Single ass, wéi wann ee sech bestuet.
Eise gerechte Steiersystem vu muer:
D’Pirate wëllen d’Steierklassen ofschafen. Fir eis Piraten ass et net akzeptabel, dass eise Steiersystem nach ëmmer ee Liewensmodell belount an een anere bestrooft. D’Zil ass eng komplett Individualbesteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus.
Laangfristeg wëlle mir eng komplett Individualbesteierung, andeems mir eng negativ Akommessteier aféieren. Eng negativ Akommessteier heescht, dass een eréischt ab engem méi héijem Akommes ufänkt Stéieren ze bezuelen. All Persoun ënnert deem Montant kritt Geld vum Staat zeréck, all Persoun driwwer fänkt un ze bezuelen.
Eng Besteierung no eisem System géif bewierken, dass mer vill Ressourcë bei der Steierverwaltung fräi maachen an een transparente System kënnen opbauen, dee vun de Leit verstanen a selwer gerechent ka ginn.
Fir d’Leit haut z’entlaaschten, wëllen d’Piraten:
Als eng vun den éischte Steiermoossnamen direkt déi elengerzéiend Familljen an d’Steierklass 2 sëtzen, well dës Persoune gehéieren aktuell mat engem Aarmutsrisiko vu 40% zu de vulnerabelste Persounen hei am Land.
D’Pirate wëllen, dass d’Witwesteier ofgeschaaft gëtt an déi betraffe Leit net méi an d’Steierklass 1a zréck falen, mee an der Steierklass 2 bleiwen.
D’Pirate wëllen eng järlech Indexéierung vum Steierbarème. Dat awer mat enger Deckelung op den héchsten Tranche vum Barème.
Steiermoossname fir Betriber
Och eis Betribsbesteierung muss der Realitéit vun haut ugepasst ginn. Fir eis Pirate féiert d’Zesummeleeën zu enger eenzeger Firmesteier zu enger besserer Iwwersiicht fir d’Firmen a suergt dofir, dass Firme gläich besteiert, ginn, egal a wéi enger Gemeng si sinn. Dës Mesure entlaascht d’Steierverwaltung a kann zu enger Dezentraliséierung vun den Aarbechtsplaze féieren, well d’Betriber sech fräi am Land kënne verdeelen, ouni finanziell benodeelegt ze ginn.
D’Pirate wëllen an Zukunft ee modernen digitale System opbauen, fir TVA-Deklaratioun ze maachen. D’Firme solle keng TVA méi ënnertenee verrechne mussen, mee um Enn vum Joer eng Quittung vum System ausgestallt kréien, fir ze wëssen, wéi vill TVA si un de Staat iwwerweise mussen.
Gratifikatiounen a Bonussen, sou wéi een 13te Mount, déi Betriber ausbezuelen, solle bis 5.000€ steierfräi gemaach ginn. Dat ass op der enger Säit eng Unerkennung fir engem Salarié seng gutt Aarbecht, op der anerer Säit wäert dat d’Attraktivitéit vun eise Betriber erhéijen.
Steiermesure fir eng gerecht Klimapolitik
Fir eis Pirate gëtt et am Beräich vun der Klimapolitik Hiewelen, déi eng nächst Regierung séier muss a Beweegung setzen, fir de Leit ze hëllefen am Kampf géint d’Klimakris. D’Iddi ass, dass Persounen, déi méi verbrauchen, bezuelen, wärend déi, di spuersam sinn, um Enn vum Mount fir hiert klimaneutraalt Verhale belount ginn.
Ee Klimabonus fir ALL d’Leit mat an de Kampf géint de Klimawandel anzebannen.
Mir mussen d’Bierger:inne virun allem mat positiven Ureizer zu enger méi ekologescher Liewensaart motivéiren. Leit, déi am Respekt mat der Natur a mam Klima liewen, sollen dofir vum Staat belount ginn. Den aktuelle Prinzip vun der CO2-Steier bestrooft Leit nëmmen, ouni si zur Reduktioun vun hirem CO2 Ausstouss ze motivéieren.
All Persoun kritt mat eisem Klimabonus all Mount eng Direkthëllef op säi Salaire, seng Rent oder anert Akommes ausbezuelt. Dës Direkthëllef gëtt, änlech wéi d’Kannergeld, ouni vill Bürokratie u jiddereen ausbezuelt. Esou kéint ee jidderengem an enger Ufanksphase 50€ pro Mount ginn. No e puer Jore kann een higoen an de Steierkredit op 100€, 200€ asw. erhéijen a gläichzäiteg d’CO2-Steier upassen.
Op der anerer Säit gëtt d’CO2-Steier op verschiddene Produkter ugepasst. Beispill: Produiten, wou laang Transportweeër hannert sech hunn, wieren da méi deier wéi lokal Produkter. Doduerch, dass d’Leit awer de Mount 50€ méi an der Täsch hunn, spieren si dovunner näischt a maachen dann de Choix iwwert de Präis vum Produit.
Steiermesure fir eng gerecht Logementspolitik
D’Piraten proposéieren verschidde Léisungen , fir d’Steieren am Logement méi gerecht ze gestalten.
Steiervirdeeler fir gerecht Loyeren
Aktuell gëtt de Staat Milliounen Euro d’Joer fir Logementsbäihëllefen aus. Eleng gesinn mécht déi Hëllef net vill Sënn, well de Proprietär vun enger Wunneng tëschent ville Leit auswiele kann, déi d’Hëllef kréien an deemno de Präis vu sengem Loyer erhéije kann. D’Hëllef dreift also d’Präisser am ënneschte Präissegment an d’Luucht, well niddreg Salairen sech géigesäiteg Konkurrenz maachen, wärend d’Proprietäre keen Usporn hunn, fir mam Präis erofzegoen.
D’Proprietären, déi ënnert dem Duerchschnëttsloyer an enger Uertschaft verlounen, sollen dës Differenz vun hire Steieren ofsetze kënnen.
Fir d’Héicht vum faire Loyer z’ermëttelen, kann entweder ee Mietpräisspiegel opgestallt ginn, fir d’Duerchschnëttspräisser an enger Uertschaft z’ermëttelen (opgedeelt no Kategorie vun enger Wunneng) oder et kann ee sech um Capital investi vum Objet orientéieren.
Loyer vun de Steieren ofsetzen
Wien lount, dee kritt nëmme schwéier d’Suen zesummen, fir sech iergendwann am Liewen eng eege Wunneng kënnen ze kafen. Proprietäre kënnen awer d’Zënse vun hirem Wunnengsprêt ofsetzen. Dës Méiglechkeet sollt och fir d’Locatairen agefouert ginn oder iwwert ee Steierkreditt oder eng Erhéijung vun der Loyerssubventioun méiglech gemaach ginn.
Steieren géint d’Spekulatioun um Wunnmarché
Mir wëllen eng geziilte Steier op Bauterrainen, déi haut scho kënne bebaut ginn, mee wou nach keng Baugeneemegung vum Promoteur ugefrot gouf (Mobiliséierungssteier). Fir kleng Proprietären net ze bestrofen, ass an eiser Formel eng gewëssen Unzuel u Bauland fir de perséinleche Bedarf virgesinn;
Mir wäerten eis fir eng Leerstandssteier asetzen;
D’Grondsteier muss erneiert ginn, mee muss previsibel an transparent opgestallt an op dat Néidegst beschränkt ginn. Fir d’Pirate bedeit eng Grondsteier, dass eleng den Terrain an dat, wat drop steet besteiert, gëtt.