Pressekonferenz wärend enger Séance publique

De Premierminister an d’Gesondheetsministesch beruffen um Mëttwoch, den 1te Juli 2020 um 15:00 Auer eng Pressekonferenz an, fir dem Public d’Aarbechten aus dem Regierungsrot ze presentéieren. 

Parallel zu dëser Pressekonferenz ass fir 14:00 Auer eng Séance publique vun der Deputéiertechamber ugesat. Et wäert fir d’Biergerinnen a Bierger kaum méiglech sinn souwuel d’Pressekonferenz vun de Regierungsvertrieder an d’Chamberséance am gläichen Zoch ze suivéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stitt Dir zu dësem Fait? 

  2. Gedenkt Dir an Zukunft d’Pressekonferenzen esou ze plangen, datt se mat der Sitzung vun der Chamber laanschtenee ginn, wëssend, datt dem demokrateschen Debat a Krisenzäite misst eng prioritär Bedeitung ageraumt ginn ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2459

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen