Pressefräiheet vs ëffentlech finanzéiert Organisatiounen

Déi lescht Wochen hunn eng Serie vu problematesche Virfäll ronderëm d’lëtzebuergesch Foussballnationalequipe an d’FLF (Fédération Luxembourgeoise de Football) d’Ëffentlechkeet beschäftegt. Besonnesch problematesch war och de selektiven Ausschloss vun engem spezifesche Journalist vum Le Quotidien vun enger Presseronn den 2. Juni 2025, nodeems hie kritesch iwwer d’Entscheedung vun der FLF betreffend de Spiller Gerson Rodrigues geschriwwen hat. Dëst huet eng breet Diskussioun iwwer d’Mediefräiheet an d’Recht op kritesche Journalismus ausgeléist.
Zousätzlech koum et de 6. Juni zu Protester virum an am Stadion, wou FLF-kritesch Plakater vun de Stadionuerdner ewechgeholl goufen an eng Fra blesséiert gouf. D’FLF huet sech spéider entschëllegt a gesot, et wier e “bedauerlecht Mëssverständnis” gewiescht. Dës Evenementer weisen op e problemateschen Ëmgank mat der Meenungsfräiheet a journalistescher Aarbecht am Sportberäich hin, déi d’demokratesch Prinzippien ënnergruewen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung de selektiven Ausschloss vun engem Journalist vun enger ëffentlecher Presseronn?

  2. Plangt d’Regierung eng kloer Richtlinn oder e Verhalenskodex fir ëffentlech finanzéiert Organisatiounen anzeféieren, déi de Prinzip vun der Mediefräiheet a gläichberechtegten Zougank fir all Journaliste mat sech bréngen?

  3. Wéi kontrolléiert de Sportsministère d’Ëmsetzung vun demokrateschen a transparente Praktike bei Organisatiounen, déi ëffentlech Finanzéierung kréien?

  4. Kënnen ëffentlech Subsiden un Organisatiounen u Konditioune geknäppt ginn, déi de Respekt vun der Pressefräiheet a Meenungsfräiheet garantéieren?

  5. Wat fir Mechanismen existéiere fir ze garantéieren, datt kritesch Berichterstattung net zu Repressalien géint Journaliste féiert?

  6. Wéi plangt d’Regierung ze verhënneren, datt sech änlech Situatiounen an Zukunft widderhuelen, an iwwerdeems d’Autonomie vum Sport ze respektéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2464

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen