Présentatiounen vu Bauprojeten am Gemengerot

Am Gemengerot vum 22te Mee 2020 hu sech fraktiounsiwwergräifend d’Gemengeréit geäussert, dass mir als Gemengerot méi Informatiounen zu grousse Bauprojete brauchen an och méi Zäit, fir déi Dossiere kënnen ze analyséieren an ze bewäerten, well nëmme mat genuch Informatiounen an Zäit kënne mir am Gemengerot eng gutt iwwerluechten Entscheedung treffen.

Esou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot an deem Zesummenhang folgend Froe gestallt:

1. Wéi gesäit de Schäfferot a Buergermeeschter d’Iddi, datt bei all groussem Projet (ab enger Valeur vu 5.000.000€) mindestens 14 Deeg am Viraus Zäit kréien, fir den Dossier vum Projet ze gesinn an analyséieren ze kënnen, dat um digitale Wee?

2. Ass de Schäfferot a Buergermeeschter averstanen domadder, bei grousse Projeten (ab enger Valeur 5.000.000€) den Architekt an d’Sëtzung ze invitéieren, fir dem Gemengerot an enger getrennter Präsentatioun de Projet ze erklären?

3. Wéi fënnt de Schäfferot a Buergermeeschter d’Iddi bei gréissere Renovatioune vu Gebaier (ab enger Valeur vu 5.000.000€) nach virun der Entscheedung am Gemengerot eng Visitt vum Gebai ze organiséieren?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll