Rezent Medieberichter an Diskussiounen ëm d’Präisgestaltung a groussen europäesche Kulturinstitutiounen, wéi zum Beispill dem Louvre zu Paräis, hunn d’Thematik vun der differenzéierter Präisgestaltung op Basis vun der Residenz oder der Nationalitéit nees an de Mëttelpunkt geréckelt. Dës Praxis, bei där Touristen oder Net-Residenten e méi héijen Tarif bezuele musse wéi d’Lokalbevëlkerung, gëtt dacks als “gro Zon” beschriwwen, déi sech potenziell net nëmmen op Muséeën, mee och op aner Déngschtleeschtunge wéi d’Horesca ausweite kéint.
D’EU-Déngschtleeschtungsrichtlinn (Artikel 20) verbitt am Prinzip Diskriminéierungen op Basis vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vum Destinatär, ausser et leien objektiv gerechtfäerdegt Grënn vir. Et stellt sech d’Fro, wou d’Grenz tëscht enger legitimmer kommerzieller Strategie an enger verbuedener Diskriminéierung verleeft, a wéi de Lëtzebuerger Konsument souwuel am Inland wéi och am europäeschen Ausland geschützt ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi bewäert d’Ministesch d’Legalitéit vu sougenannten “Duebel-Präis-Systemer” (Residentë vs. Net-Residenten) am Liicht vum europäesche Verbraucherrecht an dem Diskriminéierungsverbuet am Bannemaart?
-
Huet de Ministère Kenntnis vu Fäll zu Lëtzebuerg – sief et am kulturellen, touristeschen oder Horesca-Secteur –, wou Präisser explizit op Basis vun der Hierkonft oder der Residenz vum Client differenzéiert ginn?
-
Wéi eng konkret Krittäre gëllen zu Lëtzebuerg als “objektiv Grënn”, déi eng ënnerschiddlech Behandlung vu Clienten op Basis vun hirem Wunnsëtz justifizéiere géifen?
-
Wéi eng Handhab huet de lëtzebuergesche Konsumenteschutz, fir Lëtzebuerger Bierger ze ënnerstëtzen, déi am EU-Ausland Affer vun esou engem “Dual Pricing” ginn, a wéi gëtt iwwerwaacht, datt dës Praktiken net zu enger schläichender Normalitéit zu Lëtzebuerg ginn?
QP Nummer 3442