Präsidiumssëtzung vum 6. Juni 2019

Ofwiesend: Lucie Kunakova, Jo Wampach, Marc Goergen

Dauer vum Präsidium 12h00 – 14h30

Ordre du Jour

  1. Next steps : Kongresser

De Marc well ee Kongress virum 15te Juli well en de Koordinatorposten ofginn well.

De Sven deconseillert ee Kongress zu dësem Datum. De Präsidium kann no de Statuten weidermaachen, och wann de Koordinator zerécktrëtt. Nemmen beim Zerecktrieden vum Spriecher oder Trésorier ass de Präsidium handlungsonfäheg.  De restleche Präsidium kann ee Koordinator en ff ernennen. Ee Kongress ass an deem Sënn also net néideg an iwwerflësseg.  De Sven warnt virun engem neie Kongress, well mir aktuell an enger onstabiler Situatioun sinn. Am Fall vun engem Kongress mussen 1 Mount virdrun d’Invitatiounen mam OJ raus. 

Daniel: freet e Report vun dësem Thema op d’Enn vun der Sëtzung. 

  • Réckbléck Wahlkampagne

Sven : De Marc waart op de Feedback vum restleche Präsidium a finaliséiert de Rapport (Leitfaden fir d’Wahlen) a schéckt en dem Präsidium. Et soll iwwerdeems gekuckt ginn, fir all Plaatzen am Land, wou Bauzonken an Hohlkammeren kennen opgestallt ginn, ze fotograféieren an ze kartograféieren, fir déi nächst Wahlen nach besser orgniséiert ze sinn. Dofir sollen d’Bauzonkeplaatze am Viraus bestëmmt ginn, d’Bauzonken  virdrun nummeréiert ginn an Geokoordinaten kréien. Bauzonken sollen och nemmen nach bespaant eraus. 

Camille: Remarque, dass de Risiko besteht, dass aaner Parteien da schon do stinn.

Sven: äntfert, dass een da gutt organiséiert a méi schnell muss sinn. Mir musse besser ginn mam Involvement vun de Kandidaten. Problemer vun de Wahlen 2019: Forum-Discours net matgemaacht, Wahlpréifsteng net all ausgefëllt. Dat muss besser ginn fir 2023 (Gemengen a Nationalwahlen).

Iddien fir d’Hohklkammeren besser ze fixéieren: Eng Pistoul erfannen fir d’HK ze takkeren an esou op Kabelbinderen ze verziichten. Policebalken fir d’nächst Wahlen huelen mat Hussen fir ze iwwerstelpen. Hohlkammeren am Breedbild oder Losangen (wéi den OGBL bei de Sozialwahlen), sinn och gutt Iddien fir eppes aaneschters ze maachen. 

Daniel: Fändelen opstellen (Genre Piquet mat Fändel) Mat P&C kuken, wou nach Bauzonke stinn. De Marc soll iwwerdeems d’Bauzonkefirma Mann&Magar urufen fir Bescheed ze soen wéini si d’Bauzonken am HQ zu Kopstal sichen kenne kommen.

  • Finanzen

Aktuell 70.000€ am Keller, d’Partei waard aktuell nach op 75.000€ vun de Chamberwahlen + 36000€ vum Envoi national a 50000€ vum Programm MALT. D’Partei kritt duerch dat bessert Wahlresultat ronn 15000€ pro Mount vun der Wahlfinanzéierung. (187.000€ am Joer)

Propose vum Marc fir de Budget: D’Personalposten am HQ net nei besetzen. 

Fro vum Marc: Brauche mir nach een HQ? 

Daniel: brauche mir en? Fir dass Läit do setzen fir näischt ze maachen? Oder een externen Stock huelen?

Sven: Jo, mir brauchen en well e läit zentraal. Kloer sollen Externer net do wunnen. Fir de Stockage brauch een awer den HQ. Doriwwer eraus et ass eng Locatioun, déi der Partei hir eegen ass. Parteileedungen a Präsidium sollen dofir net emmer an der Sensibilitéit gemaacht ginn. 

Daniel: den HQ soll an dem Fall propper bleiwen a keen Dreckstall sinn. Hien proposéiert sech als Responsabelen fir den HQ propper ze haalen. 

Sven: Decisioun fir den HQ opzeléisen soll beim nächsten Budget Enn des Joers decidéiert ginn. 

Vote fir Dan als Responsabelen ze wiehlen fir Proporetéit vum HQ ze garantéieren: unanime ugehol. 

  • De Sven geréiert den Accès fir den Daniel.
  • Propose Strategie

Sven: Fro.luass lancéiert fir den Deputéierten nei QPen ze ginn. Pressematdeelung fir deen Outil opstellen. 

Gerard: gëtt ee positive Feedback, des Plattform ass ee Plus fir direkt Biergerbedeelegung ze erméiglechen. Een Tool, dat nach keng aaner Partei huet.

deng-stemm.luaanere Projet, fir virun de Chambersëtzungen all Gesetzesprojete ze verëffentlechen, iwwert déi d’Deputéiert ofstëmme sollen. All Member soll sei Vote kennen ofginn Jo/Nee/Enthalen. An eischter Phase fir d’Memberen. Als Member mat Username a Passwuert. 

After Work mat den Deputéierten/Gemengeconseilleren oder Präsidiumsmemberen. De Plang vum Sven ass et all Woch an engem aanere Bezierk ze sinn, duerch d’Land ze kommen a Läit ze gesinn.

Daniel: D’Iddi ass gutt. Et muss ee nemmen oppassen wann mir de Läit hir Problemer net léise kennen. 

Sven: Et muss een d’Problemer verstoen, mee d’Expectation managen. Unzéihungsgrad wéinst den Deputéierten. Financement iwwert de Budget vun der Sensibilitéit, ronn 1000€ de Mount kéint ee rechnen. Flyeren an deene verschiddenen Zonen ausdeelen. Zil: Memberen verduebelen an de Gemengen. De Marc huet säin Accord heizou nach net ginn.

Daniel: Mescht d’Propose fir d’Werbung dofir och op Portugiesech stellen. 

Sven: Confirméiert, dat je no Duerf Erklärungen op verschidde Sproochen ugebuet kenne ginn.

  • Demande Lucie fir een aaneren Dag Präsidium ze maachen

Sven: proposéiert, een Doodle ozestellen mat den Deeg, wou d’Präsidiumssëtzungen solle staattfannen. D’Auerzäit 12h00 soll beibehaale ginn. 

  • Parteiauto

Sven: ass den Auto scho kaaf an de Kontrakt ennerschriwwen? Assurance: Am Moment nach dem Lucie seng. Lucie freed 1000 Euro. Den Dan huelt sech gemellt fir sech em alles mam Auto ze kemmeren. 

  • Neien IT Beoptragten sichen

Den Marc proposéiert fir en neien IT Beroder ze sichen. 

Sven : Dat bedeit, dass dann als eischt muss decideiert ginn, dass XY d’IT Aarbecht am HQ net méi mescht. Et ass awer schweier ee fräiweelegen IT-Beroder ze fannen, well aktuell kee Budget do ass. Mir hunn zwar Memberen, déi et kéinte maachen mee de Posten awer net wellen. 

Et gett keen aaneren, deen et fir de Moment maache kéint. Kee Budget, keng Alternativ, aktuell keng Optioundo.

Daniel: kukt fir ee Kontakt ze froen fir dat ze maachen. Hien proposéiert de Posten elo schon ze raumen an eng Optioun sichen. 



Sven: De Risiko ass, dass de d’Passwierder an dem Fall muss weiderginn. Et ass net einfach een ze fannen, deen d’Aufgaab iwwerhellt an et muss ee Parteimember sinn (Kommunikatiuounsinfrastruktur vun der Partei). 

Decisioun fir ee neien IT-Posten gëtt op ee spéideren Datum reportéiert.

  • Nei Secherheetsreegelen fir intern Dokumenter a Kommunikatioun

Seng Aufgab soll et sinn, de legale Kader am Ëmgang vun internen Dokumenter opzestellen an ze kontrolléieren

Vote fir den YX als Data Protection Officer ze ernennen:  Unanime ugehol

  • Extraordinäre Kongress virum 15. Juli(suivi Punkt 1)

Sven: fréistens am Fréijoer nächst Joer een ordentleche Kongress aberufen. Mir sollten deenen 2 Spriecher elo mol d’Chance ginn, dass si hir Aarbecht kenne maachen. Et géif kee bei dem Kongress gewannen. De Marc ass fräi, sei Posten als Koordinator opzeginn, de Präsidium ze verloossen oder ze bleiwen. De Choix leit bei him. No de Statuten huet säi Récktrëtt als Koordinator keng Konsequenzen op de Fonktionnement vum Präsidium an och keng Nowahl zur Folge. Des Weideren läit aktuell och keen Demissiounschreiwes vum Koordinator vir.

  1. Merci Fest / Wahlparty

Sven: Budget fir 5 Béierbänken, 50 l Béier, Softdrinks, Burger. Fir 25 Läit virgesinn.

Datum virun der Vakanz an net de 6te Juli. Burgerbud vun der Partei benotzen.



Vote : Unanime ugehol.

  1. Luxembourg Pride – Sonnden 14te Juli

Beim Lucie nofroen, dass genuch Material a Flyeren do sinn. Speziell Fändelen mat Reebou.

  1. Tuktuk & Buud sàrl

Sven: 50cc tuktuk war geduecht als Infostand.Tuktuk geet op Arel fir gefléckt ze ginn. Aktuell këmmert de Starsky sech dorem. 

Burgerbud nach emmer ee Problem well et schwéier ass se als Partei ze exploitéieren. Soit Bud verkafen, soit eng sàrl grennen, déi d’Partei finanzéiert an d’Sàrl keeft d’Bud der Partei of. 

Daniel: proposéiert d’Bud ze botzen, zesummesetzen an ze verkaafen. 


Sven: Akafspräis loung bei 15000€


Daniel: proposéiert sech fir d’Bud an de Verkaf ze bréngen an eng Annonce opzesetzen. 

Vote fir d’Bud ze verkafen: Unanime ugehol. 

  1. Situatioun PID?

Bis elo leien keng Aktualitéiten vir. 

  1. Blummen fir de Camille säi Meedchen

Sven: Dem Camille sei Meedchen ass am Spidol. Hien proposéiert ee Budget vun 100€ fir Blummen ze kaafen.

Vote: unanime ugehol

  1. Organigramme Fraktioun a Sensibilitéit

Vote: unanime ugehol

  1. Organisatioun vun de Räimlechkeeten am HQ

 Jiddereen kritt Accès, mee d’Reimlechkeete musse fräi gi ginn. Och d’Jonk Piraten mussen sech doruner haalen.

Vote: unanime ugehol

Session à Huis Clos

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023