Präsidiumssëtzung vum 29.09.2020

Präsidium vum 29.09.2020

Ordre du jour

  1. Vott vun der Propositioun de Loi: Recouvrement de Nationalité
  2. Vott iwwert d’Positioun vun de Pirate vis-à-vis vun enger neier Reglementatioun an enger Liberaliséierung vum Glécksspill
  3. Vott fir ze decidéieren, ob een Personalmember seng SARL-S zu Kopstal umellen dierf, fir e symboleschen Euro
  4. Vott fir eng Annonce an der Revue de maachen
  5. Fotoe vu Léit aus dem Präsidium fir op de Site a fir spéider Wahlen
  6. Reportage
  7. Remboursement

    Präsent: Marc, Daniel, Lucie, Camille, Marie-Paule

    1. Ugeholl
    2. Ugeholl
    3. Falls dëse Peronsalmember mat senger SARL-S eng kéier méi Sue mécht, kann ee bis 500 Euro Loyer froen. Falls en ee Büro braucht, kann ee vun deenen zu Koplescht benotzen. Seng Aarbecht vun der SARL-S dierf sech net senger Aarbechtszäit vun der Partei iwwerschneiden. Contrat de sous-locatioun (-> Personal), boîte au lettre an offiziell Adress musse festgehale ginn. Falls mer keng gutt Bréifkëscht hunn, musse mir eng néi besuergen.
        1. Eng Annonce fir d’Revue maachen: Keng Ierfschaftssteier, Ënnerstëtzung am 3ten Alter, Déiereschutz, 10€/m2. 1/2 Säit bis 1 Säit.
        2. Personal soll eng Kéier verschiddene Fotoe vun den Präsidiumsmemberen maachen, z.B. Camille bei engem Zuch, Reportagë mat de Präsidiums Memberen, “Een Dag mat…”
          1. Remboursement vun de Chamberwahlen 2018 ass um Konto ukomm. D’Geld gëtt gespuert.
          2. Locatioun vu beispillsweis engem Café (-> Dan). Wann mer eppes gelount hunn, brauche mer ee Site wou zB Start-ups sech kéinte mellen, falls sinn intresséiert si Locatairen ze ginn. (Eng Persoun mécht deemno wéi schonn esou Vermëttlungssäiten (Iddi fir den Numm Ahoi Start-up Center). Extrem niddrege Loyer fir d’Start-ups ze ënnerstëtzen. Kontrakter vun 2 Joer, Kënnegungsfrist vun 3 Méint.
          3. Diskussioun iwwert CDDen, Logement (Loyer+ Garantien), TVA Reduktioun an déi méiglech positiv/Negativ Auswierkungen. Aarbechtsgruppen déi dës Positiounen ausschaffen (Lokalsektiounen, Jonk Piraten awer och net Memberen). Dës Aarbechtsgruppe kéinten iwwert den Internet gemaach ginn oder a grousse Säll. Wou d’Léit och virtuell kéinten ofstëmmen. Doduerch och erëm méi Membere motivéieren. Nodeems Aarbechtsgruppe geschafft hunn. Eng 1 Videokonferenz am November: virtuelle Kongress iwwert Léisungen zur Corona Kris (fir Memberen an net Memberen).
          4. Merci un all d’Léit déi bei der Logements-Demonstratioun zu Esch den 26.09 dabei waren!

           

          Zesummenhang posts

          Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
          An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
          Kaderprogramm Péiteng 2023