Présent: Lucie Kunakova; Daniel Frères; Marc Goergen; Camille Liesch; Christian Welter (Vertrieder Jonk Piraten); Starsky Flor ; Gerald Contreras
Entschellegt: Sven Clement (OECD Global Parliamentary Network zu Paräis), mee virtuell present; Marie-Paule (RDV Sandweiler)
Organigramm 2020
Den Organigramm hält d’Aarbechtsopdeelung innerhalb vun der Partei fest. E gëtt anonym op der Websäit vun der Piraten publizéiert.
Vott: Organigramm gouf ugeholl
Foire de Weekend
Et soll een sech am Doodle aschreiwen, deen am Chat vum Präsidium gepost ginn ass. D’Personal huet d’Material fir ze verdeelen an organiséiert eng Kees, schwetzt dofir mam Lucie, fir de Keessefong.
Op der Foire de Migration ginn Memberskaarten verkaf fir 0 Euro. Demanden, fir den ermässegte Betrag ginn duerno dem Präsidium virgeluecht, fir dass déi Ermässegung statutekonform validéiert ze ginn. D’Personal print e klengt Plakat, wou drop steet, dass d’Memberskaart gratis ass, fir op d’Foire.
IT Server / Websäit
Websäit gëtt elo mol op Franséich, an Zukunft op Englech iwwersaat. Geschter huet en Informatiker en Inventaire vum Server gemat, an deen gëtt elo ausgewert, fir ze iwwerleen, op eng Verlagerung an en Datacenter sënnvoll wier. Et gëtt gekuckt, wat nach gebraucht gëtt a wat net.
Sven: Eng Restrukturatioun mecht op allefall Senn, d’muss halt och een do sinn deen dat mei laangfristeg begleed, ouni datt dei Käschte mei deier wei den Hosting ginn.
Compta Task Force (Encodage ab 1. Mäerz 2020)
D’Lucie an de Sven kukken zesummen weider no der Compta. D’Personal bestellt eis e Stempel “comptabilisé”.
HQ
Lucie sicht d’Fraien eraus, déi Kopstal generéiert pro Mount (Kopie-Maschine, Server….) an sicht no de respektive Kontrakter, fir en Inventaire ze maachen.
Shop Piraten
De Shop ass primär online, mee an d’Fraktioun kennt eng Vitrine, wou d’Saachen ausgestallt ginn. Et sollen och Jaquetten gemat ginn mam “Animal Protection” Motiv. Individualiséiert Commanden, mat aaneren Déiren wéi dem Wal, si méiglech mat Oppräis méiglech. Bei all Artikel, dee Fairtrade ass, kennt eng kleng Notice, dass et Fairtrade ass, wisou d’Piraten dat ënnerstëtzen a wisou d’Konsumenten et sollen ënnerstëtzen. Vun allen Objeten, gëtt ëmmer eent als Display gehaalen fir d’Vitrine/Foiren.
Commande Bicer
Mir brauchen nei Bicer. 1500 Euro sollen an eng nei Commande investéiert ginn, fir ökologesch verträglech Bicer ze bestellen.
Vote: Ausgaben goufen ugeholl.
Aarbechtsgruppen
D’Aarbechtsgruppen starten elo ëmmer um Intranet, fir dass d’Léit schon hier éischt Meenungen do austausche kennen, fir dann eréischt an enger 2. Phase e perséinlecht Treffen ze maachen.
Parteileedung Themen Mäerz 2020
Et gëtt der Parteileedung e Vote proposéiert, fir ze decidéiren, dass d’Parteileedung just nach all dréi Méint zu Kopstal owes ass, an dofir awer d’Memberen vun der Parteileedung inviéiert ginn, all Mount no de Präsidiumssetzungen mettes an der Stadt un enger Parteileedung deelzehuelen.
Visitekaarten
D’Präsidiumsmemberen huelen hier Visitekaarte bis nächst Woch beim Personal oof.
Chèque-repas
D’Personal vun der Partei soll déi selwecht Konditiounen hunn, wéi vun der Sensibilitéit an nom Remboursement vun der Chamber och Chèques repas kreien. Präsentatioun vun enger interner Nott un d’Personal. De Marc këmmert sech em de Soop fir d’Employéen vun der Partei, dat ass am Moment nach net gemat.
D’Nott fir d’Personal gëtt mat Vote ugeholl.
Pub Hierscht 2020
Et soll eng Pub an der “Baurenzeitung” placéiert ginn.
Sven: Wat ass de Käschtefacteur? Et gett keen allgemengen Buget festgeluecht, mee projetspezifiesch virgaangen. Et ass mir aktuell bei den Ausgaben vill ze vill “ad hoc” mir sollten eis do besser opstellen fir responsabel Reserven unzeléeën. Ech sinn awer absolut d’accord mat dëser Dépense. Et ass méi eng prinzipiell Fro. Et gett driwwer nogeduecht an Zukunft e Budget festzesetzen, wann d’Ideen fir Annoncen op RadioLatina an Contacto sech konkretiséiren. Bis elo sinn keng aaner Ausgabe virgesinn. (Ausser de regelméisseg FB Budget).
Telefon fir Young Pirates of Europe
D’Jonk EU-Piraten kréien eng Telefonsnummer iwwert Koplescht ageriicht. Suivi vum Marc a Christian Welter.
PPEU
Et muss eng Persoun désignéiert ginn, déi mat der PPEU a Kontakt steet an u Meetings deelhellt.
Food Präsidium
Et ginn Bréidecher bestallt, fir jidereen, deen sech den Dag virdrun Präsidium beim Personal umellt. Jidereen gett awer invitéiert, fir en Don ze maachen. D’Breidecher bleiwe gratis. A gi vun der Partei an net der Fraktioun bezuelt. –
Präsidium Online Stream
Et gëtt gefaart, dass d’Léit dann net méi physesch géifen deel huelen. Mat der interner Notice, dass een awer probéire soll, méiglechst oft present sinn, gëtt et akzeptéiert. –
Braderien
D’Personal mecht eng Lescht mat Braderien an de Gemengen. Et ass méiglech bei Give us a Voice ee Food Truck ze lounen.
Divers
Et soll e Gleichstellungsbeoptragten agesat ginn. Hien sollt Reclamatiounen unhuelen a Positioune ausschaffen zum Thema Gleichstellung (souwuel wat Gleichstellung vu Mann, Fra, 3. Geschelcht, Ethnien…). Et gett e Post gemat op FB, fir dass all Member seng Kandidatur stelle kann.
Et gëtt driwer nogeduecht Laafgruppen ze bilden oder ze sponsoren, mat Piraten-T-Shirts. Oder extra Sportstricoten ze verkafen, fir Recetten ze generéiren.
Den Starsky huer alleguerten d’Bauzonken agesammelt. Grousse Merci.
Huis clos
Ugeschwaten Themen:
Remboursementer: De Starsky schreiwt eng Note fir d’Remboursementer vu Bensin, Kilometergeld, etc.