Präsidiumssëtzung vum 22.04.2020

Organiséiert iwwer Videokonferenz op Jitsi Meet

Ofwiesend an entschëllegt:  Jo Wampach,

Start: 19h00 Enn: 21h00

1 Coronavirus­­–Diskussiounen 

Coiffeuren

Anscheinend hätten d’Coiffeuren en Bréif kritt, dass en en/eng Coiffeur/euse däerf am Salon sinn mat just engem Client dann dierften se rëm opmaachen.

Sport

Muer ass Sportskommissioun domat verschidden Sportaarten rëm dierfen getätegt ginn. Den Sven ass gespaant wat den Sportminister seet ob d’Federatiounen an d’Veräiner ënnerstëtzt ginn.

Firwat mussen d’Leit op d’Büroen Classeure klasséiere goen‘

Sven: De Risiko ass zimmlech niddreg wann een eleng an engem Büro setzt. An et ass néideg, fir zB d’Bréifboîte eidel ze maachen, Gebai ze checken, etc. De Betrib kann net ganz stoe bleiwen. 

Schoulen

D’Primär-Schoulen ginn nees den 4 Mee op. All déi Ofschloss Klassen mussen souwisou erëm an d’Schoul goen fir d’Examen ze schreiwen. Et geet fill diskutéiert dass d’Schoulen réischt sollen ab September opgoen. Den Programm vun den Schoulen dees d’Joer ass souwisou net méi nozehuelen, et soll gekuckt ginn fir déi Matière déi feelt op nächst Joer opzedeelen. Et ginn och keng Dagesmammen méi déi kéinten op d’Kanner oppassen.

Vakanzen

Sven: Et soll een net mat Päischtvakanze rechnen dëst Joer.

Mortalitéitstaux

An engem Joer stierwen zu Lëtzebuerg em déi 4000 Leit ( 1/4 Tumoren , 100 Leit un Infektiouns-Krankheeten, puer Bluttkrankheeten, Metabolesch Krankheeten (seelen), 4-5 % un Troublement/Selbstmord am duerchschneit 10 Persounen pro Mount )  

Un der normaler Gripp stierwen am Joer em déi 100 Leit an Lëtzebuerg. Et stierwen méi Leit um COVID19 ewéi un der Gripp hei zu Lëtzebuerg.

Medikamenter

Marie–Paule: wat gëtt vu Medikamenter agesat fir déi krank Leit? 

Sven: Et hänkt ëmmer dovunner of wat fir eng Symptomer d’Persounen hunn.

Baueren

Baueren sollen net vergiess ginn an der Kris. Hei misst ee Message gemaach ginn.

Dokteren

Dokteren dierfen alleguer schaffen. Déi eenzeg déi net dierften schaffen sinn d Hausdokteren, fir de Risiko kleng ze halen, dass d’Hausdokteren sech ustiechen duerften se dann net schaffen fir dono eng Reserve vun Dokteren hunn falls se gebraucht ginn . D’Urgencen schaffen ganz normal weider.

Lëtzebuerg kuckt och wat déi aner Länner géint den Coronavirus ënnerhuelen zemools déi Däitsch.

Better Spideeler

Sinn nach genuch Better an den Klinicken do?

Sven: Et wier nach genuch Kapazitéit (Better) do fir d’Klinicken.

2.Finanzen / Update?

 Gréng Luucht vum Präsidium (Vott unanime) fir de Kreditt opzehuelen an esou de Remboursement vun der Parteifinanzéierung 2018 ze regléieren, bis eng eng Decisioun vum Verwaltungsgeriit getraff gëtt.

De Marc huet der eng Demande un d’Fortuna-Bank geschéckt, deen an der leschter Präsidiumssëtzung ugeschwat gi war. Hie rifft si muer nees un fir de Kontrakt fäerdegzestellen. D’Lucie geet muer op Post fir en Dokument ze ënnerschreiwen.

Daniel zum Thema Fortuna: de Montant muss bis den 1te Mee iwwerwisen ginn a bis Freideg sollen si eis zréck uruffen fir d’Suen z’iwwereisen. Den Daniel ass gudder Déng, dass dat alles klappt. Et soll och en neie Konto opgemaach ginn.  

3. Parteibüro Update

Punkt aus der Präsidiumssëtzung vum 15.1.2020 (“D’Marie-Paule rifft Immobilienagencen un a mécht Visitte fir e Büro ze fannen. De Jo informéiert sech, iwwert e Stockage zu Béiwen-Attert.”)

De Starsky hätt misste mam Jo kucken wéinst dem Stockage, mee wéinst dem Coronavirus ass dat an d’Waasser gefall.  Den Stockage geet masseg duer, se hunn eng grouss Hal. E Büro fannen ass schwéier momentan en ze fannen wéinst dem Coronavirus.

Et ass och schwéier en Büro ze fannen wéinst dem Budget aktuell. Punkt verschiebt.

4. Kontrakt Koplescht

De Kontrakt zur Locatioun vu Koplescht misst am HQ klasséiert sinn. 

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023