Präsidiumssëtzung vum 15.04.2020

Organiséiert iwwer Videokonferenz op Jitsi Meet

Ofwiesend an entschëllegt: Camille Liesch

Start: 19h30

Enn : 22h00

1. Exit-Strategy

De Sven freet,

  • dass mer am Kader vun der Oppositiounsaarbecht Iddie sammelen fir d’Ried an der Chamber de Freiden.
  • Bis Enn Mee ee Programm mat engem konkreten Plang op d’Been stellen mat engem Narrativ an eiser Visioun fir d’Zukunft nom Coronavirus. Dofir kann ee Pad genotzt ginn.

D’Diskussiounen iwwert de Coronavirus ginn de nächste Mëttwoch an enger Präsidiumssëtzung nach eng Kéier weidergefouert. Jidderee soll sech hei preparéieren (1. kuerzfristeg Ëffnung, 2. Mëttelfristeg Mesuren an 3. laangfristeg Visioun).

 2. Iwwerleeungen zum Kader fir e Grondakommes.

D’Iddi muss méi kloer a méi sexy a verständlech verpaakt ginn. Virdeeler mussen ersiichtlech ginn vis-à-vis vum REVIS (« Grondakommes mat Bedéngungen »), virun allem am Bezuch op déi zukünfteg Automatiséierung, Digitaliséierung.

De Sven kann fir d’Realiséierung ee Rechemodell fir Lëtzebuerg presentéieren falls gewënscht.

Am Kader vun Deconfinement kéint een d’Iddi mol ab an zu erwänen, mee et geet hei och éischter ëm ee laangfristege Projet. 

Lucie: d’Argument, dass Leit déi lo doheem setzen an eng Paie kréien näischt maachen, ass duerch Corona e bëssen entkräft ginn (vill Volontariat). Vill Leit hunn sech agesat an solidaresch gehollef (Masken gebitzt etc…)

Fir d’Iddi weiderzebréngen brauche mir virun allem méi Allianzen an der Zivilgesellschaft. Eventuell weisen, wéi d’Bierger duerch eis sozial Netzer falen an dat wëssenschaftlech an onofhängeg suivéiert. Aufgab, déi Ressource brauch an och Zäit.

D’Iddi hannert dem Grondakommes ass de negative Steiersaz. Dëse Steiersaz kéinte mer méi bekannt maachen (“Eng einfach Steier”) an als Bäitrag zur Steierreform abréngen.

3. AirLiquide

Nach 1 Joer Locatioun, dann sinn d’Fläschen vun Airliquide bezuelt (ronn 100 Euro/Mount). Et fehlen aktuell Fläschen.

Sven: mir sollte verhandelen fir d’Locatioun (et sinn 4 Fläschen) an och fir déi Fläschen ofzeschreiwen (ronn 1600 Euro).

Message vun Airliquide

« Les bouteilles perdues sont actuellement facturées à 411,83 eur/pièce, soit pour 4 bouteilles : 1647,32 € hors TVA. Pour pouvoir les facturer et ainsi ne plus vous facturer la location, nous avons besoin de votre accord écrit. Merci de bien vouloir nous donner votre accord par retour. »

4. Facebook Säiten op Däitsch, Franséisch, Portugisesch 

Marc: Et gouf eng Iwwerleeung fir verschidde Facebook-Säiten a verschiddene Sproochen opzebauen (FR, POR, DE). Aktuell ginn d’Posten och an anere Sproochen op eise Facebookchannellen ugebueden, domat all Matbierger zu Lëtzebuerg eppes versteet. 

5. Finanzen

D’Spuerkeess hat no Detailer gefrot fir de Remboursement vun der Kreditlinn. De Marc huet déi gefroten Dokumenter geschéckt an ass a Kontakt och mat der Fortuna fir ee weidere Kredit vun 20000€ fir de Remboursement vum Finanzement 2018.

Sven: Mir kennen net an Raten bezuelen, d’Sue musse bis zum 1 Mee um Konto sinn.

6. Recetten fir d’Joer 2020

De Präsidium huet am Kader vun der Parteifinanzéierung iwwer Mesuren diskutéiert, fir d’Parteifinanzéierung 2020 sécherzestellen. Et gouf beschloss, dass d’Jetonen aus de Gemengen integral un d’Partei iwwerwise ginn. Och den Internet Shop gëtt weider opgebaut an et gëtt gekuckt méi Donen vun de Memberen ze kréien.

7. Personal fir d’Partei

Et gouf driwwer diskutéiert, een bis zwee Employéen fir d’Partei anzestellen. D’Optioun gouf zeréckbehalen, fir an dësen Zäiten Läit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, iwwert een CAE anzestellen.

D’Astellung vun den CAEen gëtt nächst Präsidiumssëtzung decidéiert.

Nächst Präsidiumssëtzung

De Präsidium decidéiert nach eng Präsidiumssëtzung fir de nächste Mëttwoch fir detailléiert iwwert de Coronavirus ze schwätzen (Altersheemer, Butteker, asw.)

Owes um 19h. An de Kalenner op d’Website androen. (och dëse Präsidium)

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister