Rapport 15.09.2020
Ordre du Jour:
- Bilan 2019
- Courrier BCEE
- Don’e Parteifinanzéierung (Vote unanime)
- Dossier Glécksspill (Vote nächst Kéier am Sëtzung a 15 Deeg, PDF “Note d’information, solution COVID pour HORESCA, légalisation des jeux, avril 2020”)
- Opruff Demo Esch, Samschden um 11h00 op d’Esch goe mat 2 Plakater an e Piratefändel
- Proposition de Loi iwwert de Recouvrement vun der Nationalitéit (Vote nächst Kéier am Sëtzung OKTOBER, PDF “PPL Nationalitéit iwwert Virfahren”)
- Personal
- Personal
- Miwwelen
- Assistent Compta / Kees
- Sponsoring (Iddi fir ee Sportsveräin oder soss eng Organisatioun ze ënnerstëtzen. Zb duerch eng Trikot-finanzéierung)
- Bicker
Present: Sven, Marc, Daniel, Lucie, Starsky, Camille, Gerald
1) Bilan 2019: Am Gaang finaliséiert ze ginn. Alles ass aginn, elo muss de Kontroll gemaach ginn
2) Courrier BCEE: Adresswiessel bei der Spuerkeess (nach eng kéier, a fir all Konten, Kaarten…). D’Personal preparéiert e Courrier fir un d’BCEE ze schécken.
3) Don / Parteifinanzéierung : Nach Done fir dëst Joer. Et gi gebraucht: 5616 Euro Recettë pro Mount = 160 Euro pro Dag. Stand haut. Bis Enn dës Joers mussen 100 000 eege Recetten do sinn, bis elo sinn et der nach net genuch. konsequent 1 Euro net benotzt = 3 Euro zréck ginn. Substantiell Done musse generéiert ginn.
(Breiwer Reimech: Ginn haut nach geprint. )
Methode fir Recetten: All Member kritt Suen ausbezuelt (Beoptragunge 400 Euro indemnite) a mécht en Don mat der selwechter Zommen zeréck.( Vote: unanime ugeholl).
Aner Pisten: Shop pushen. Aner Iddi: Iwwert Loyer duerch Untermieter (z.B. Café). Den Dan kuckt sech em. (Och mat deem Projet geet et nach net duer, mee eng Piste).
4) Dossier Glécksspill: Reglementéierung vum Glécksspill. Mir goufe vun enger SARL kontaktéiert, déi eng Analys vum Glecksspillmarché zu Lëtzebuerg gemaach huet. Thema: Monopol Mondorfer Casino a wei een dësen Opbrieche kéint an esou allgemeng der HORESCA entgéint komme kéint. Vote nächst Woch. Jidderee léisst de Rapport bis dohin.
5) Demo Esch: Droit au logement: Samschden um 11 Auer zu Esch.
Wien mëscht mat: Save Co-Housing; 4Motion; Mieterschutz; CCSA. Vote ob d’Piraten och mat maachen: unanimeugeholl.
Wien geet: Sven, Lucie, Libor.Camile. Lucie & Libor këmmeren sech em e Fändel an e Plakat.
Manifestation pour le droit au logement. Des logements abordables pour tous! Mobilisons nous pour réclamer une véritable politique du logement, avec un contrôle effectif des loyers, selon les règles déjà en vigueur, et la création de logements nouveaux répondant aux besoins de la population. • Les pouvoirs publics doivent investir massivement dans la construction et l’aménagement de logements à loyer modéré • Réquisition des logements vides • Réquisition ou expropriation des bâtiments non utilisés pour les transformer en logements • Respect des droits des (co)locataires • Instauration d’un mécanisme juste pour freiner la montée des loyers • Renforcement et élargissement du rôle des commissions de loyers à tous les litiges liés à la location et professionnalisation de leurs membres. Et aussi: * Régularisation immédiate de toutes les personnes sur le registre d’attente ; * Retrait des points concernant la colocation dans le PAG ; * Respect des droits fondamentaux des citoyens et notamment le droit à la vie privée et celui de cohabiter avec qui on le souhaite sans avoir à se justifier.
6) Proposition de Loi: Recouvrement Nationalité. Jiddereen dee Virfahren huet zu Lëtzebuerg, soll kennen d’Lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen, esou wei dat bis elo de Fall war. Wärend der CoVID-Zäit sinn hei Delaie verstach, déi duerch eis Propositioun solle verlängert ginn (PS Gilles: se goufen entretemps duerch d’Gesetz vum 24te Juni 2020 verlängert. Hei géi et drëm, datt d’Délaien nach mi laang ginn. En outre krute mer matgedeelt, datt d’Prozedur Frae benodeelegt (d’Ligne paternelle kritt d’Nationalitéit mi einfach wéi d’Fraen). –> Bis nächste Präsidium liest jiddereen d’Propositioun.
7) Huis clos (Personal)
8) Huis clos (Personal, Astellung vun engem Assistent fir d’Partei)
9) Gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt décidéiert
10) Assistent Compta/Kees: Assistent vum Lucie fir d’Compta.
11) Sponsoring Sportsclub/ Veräiner: De Projet gouf ofgeleent.
12) Divers: D’Bicker sinn haut net ukomm. D’Personal këmmert sech drëm se ze fannen. D’Trackingnummer vum Pack ass ugefrot.
Mir organiséieren eng elektronesch Schell, da kann een iwwerall op der Welt gesi wien bei der Dier ass an da muss kee Mënsch méi physesch do si wann Liwwerunge komme fir e Pack unzehuelen. Mir hunn eis Schell am Schaf fonnt. Se gëtt opgehaangen.
Mir testen eng Palette u Maske mat speziellen Themen: Deireschutz; i love Kehlen… mir maachen der ëmmer 10 Stéck pro Thema a kucke mol wei se sech verkafen.
D’Pirate Kehle ginn dem Personal an dem Marc Zougang zu hirem FB a wëlle mat an de Buffer.
De Camille mécht drop opmierksam, dass den TICE nei Busse keeft. De Camille hellt un enger Zufriedenheitsstudien zu den neie Busser deel a kuckt ob es Gas- oder Elektrobusser sinn.
Propose vum Camille fir eng QP: Flixtrain iwwert Lëtzebuerg. De Marc gëtt ze bedenken, dass d’Piraten net dofir sinn de Schinneverkéier ze privatiséieren. Mir sinn dogéint CFL ze privatiséieren? Oder de ganze Schinneverkéier? Béides : Loundumping verhënneren. Programm:
“CFL a Staatshand: Mir schwätzen eis fir den Erhalt vum Statut vun der CFL aus. Den Transport ass ee Grondbedierfnis a muss dofir a staatlecher Hand bleiwen.”