Präsidiumssëtzung vum 10te Juli 2019

1. Parteiauto: De Starsky këmmert sech drëms, dass den Auto elo richteg ugemellt an assuréiert gëtt.

2. Den Dan organiséiert e Schlësselschaf fir an den HQ, dee mat engem Zuelecode geséchert ass. An dëse Schaf gëtt dann den Autosschlëssel gehaangen. kucken iwwert d’Froe vun der Commission européenne a verfaasse Proposë fir Äntwerten, déi dann un de Präsidium weidergeleet ginn a vun dësem validéiert ginn, éier se un d’Commissioun ginn.

3. Virgoe betreffend enger Privacy Notice fir piraten.lu: De Beroder fir Data-Privacy kritt e Budget vu bis zu 1000 Euro fir iwwert Upwork een Informatiker ze fannen, deen 1) eng Rei Plugins vun der Websäit verännert oder se ganz erofhëlt 2) verhënnert, dass Cookies ouni Averständnis gespäichert ginn 3) eng Privacy Notice schreift. Aktuell huet d’Partei keen DPO. Bis zum nächste Präsidium soll e Kandidat fonnt ginn, deen dann vum Präsidium gewielt gëtt.

4. Demande fir eng Camionnette ze lounen: De Starsky kuckt fir d’Plakater anzesammelen a kritt vum Sven d’Visa fir eng Camionnette ze lounen.

5. Bréif vum Xavier Bettel (Reform Walgesetz): D’Chamber hat e Bréif vum Xavier Bettel mam Courrier électronique un d’Deputéierte geschéckt fir hier Meenung iwwert d’Reform vum Walgesetz ze froen. Leider ass deen net gesi ginn. Well et e wichtegt Thema ass an och d’Partei hei Stellung bezéie soll, schafft d’Marie-Paule elo eng Äntwert aus. Wann d’Äntwert vum Präsidium validéiert ass, wäert och e Pressecommuniqué zu deem Thema erausgoen, deen d’Positioun vun de Pirate kloer duerstellt.

6. Recours Parteifinanzéierung: D’Marie-Paule rifft beim Staatsministère un, wéinst engem Recours am Kader vun der Partéienfinanzéirung. Aktuell gëtt net nëmme vun der Part proportionelle 75% berechent (well méi Männer wéi Fraen ob der EU-Lëscht waren), mee vun der Gesamtzomme. Dat ass der Partei hirer Meenung no net dat, wat d’Gesetz virgett, an dofir wäert d’Marie-Paule nofroen, wéi si aktuell eis Finanzéierung berechnen a froen ob wéi ee Wuertlaut am Gesetz si sech dobäi stëtzen. D’Marie-Paule schwätzt och nach emol mat der Fiduciaire, fir sécherzestellen, dass si kontrolléieren, dass d’Parteifinanzéierung net méi wéi 75% vum Budget ausmëscht a fir si drop hinzeweisen, dass et aktuell nach Feeler an hirer Compta gëtt. Si solle wann si fäerdeg sinn och nach emol um Chambersite vergläichen ob de Bilan vu leschtem Joer mat deem vun dësem Joer formal iwwertenee stëmmt. An si solle schonn d’Piècen erausleeën, déi zum Schluss wäerte mam Bilan mussen ofgi ginn.

7. Verwäertung Calicoten: Déi al Calicote sollte verwäert ginn. D’Marie-Paule freet am Ateliér protégé vu Beckerich en Devis un.

8. Festleeë vu Präsidiums-, Fraktiouns a Parteileedungssëtzungen Ab September: Parteileedung: 1 Mëttwoch am Mount zu Kopstal um 19 Auer Präsidium: 3. Mëttwoch am Mount um 12 Auer Fraktiounssëtzung: Um Dënschden vun all Sëtzungswoch, eng Stonn virun der Sëtzung. D’Personal schéckt en Newsletter mat dësen Informatiounen eraus.

9. Memberschaft : De Präsidium huet ofgestëmmt, dass beim Schiidsgeriicht en Ausschlossverfahren ugefrot wäert ginn, fir ze decidéiren, ob Persoun XY seng Parteimemberschaft entzu soll kréien.

10. LuxPride: D’Personal méscht eng Lescht mat den Disponibilitéite vun de Memberen um Stand vun der LuxPride a sicht nach Léit fir d’Parad.

11. Piaggio: Et gouf e Budget vun bis zu 500 Euro gestëmmt fir de Starsky, fir domat de Piaggio ze reparéieren.

12. Remboursement Frais Postaux: D’Personal preparéiert eng Lescht an e Bréif fir e Remboursement vun den envois postaux aus dem Wahlkampf unzefroen. Dofir gëtt de Marc him d’Rechnungen.

13. Mail Bénéficiaire Economique: De Marc mécht e Mail am Kader vun der Deklaratioun vum Beneficiaire Economique.

14. Aarbechtsgruppen: No der Vakanz ginn Aarbechtsgruppen aberuff, fir ze decidéiere wat ob d‘Info-Flyere komme soll, déi ob Braderien & Co. verdeelt ginn.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023