PRÄSIDIUM VUM 20. NOVEMBER 2019

Ofwiesend: Jo Wampach, Starsky Flor, Gerald Contreras

1. HQ: eng nei Adress fannen, matt folgenden Konditiounen

  • Wou ass dem Dan seng Propose drun?
  • Wéi ass et mam Sous-locataire ?

Den Daniel ass amgaangen mat der Locatioun vun de Büroen. Hie freet, dass 3 wäiss Bréifkëschte solle kaaft an dobaussen opgeriicht ginn. De Punkt gëtt op de nächste Präsidium verschiebt.

2. Kongress am Norden

  • Gett et een Datum?

De Präsidium proposéiert ee Nord-Kongress fir de Januar, deen an enger Frist vun 30 Deeg ageluede muss ginn. De Marc këmmert sech dorëm.

3. Suivi Cour des Comptes :

De Marc preparéiert den Äntwertbréif bis de 27ten November. Verschiebt op de nächste Präsidium.

4. Proposition de loi : Logement – Meenungen

Et goufe keng Géigemeenungen an de Marc wäert d’Gesetzespropositioun demnächst an der Chamber deposéieren an eventuell och eng Aktualitéitsstonn zum locative Wunnraum zu Lëtzebuerg ufroen.

5. Parteiauto

  • Wéi ass den Etat?

Den Auto gouf elo ëmgemellt. D’Partei muss just nach d’Steierne fir dëst Joer bezuelen.

6. DPO

De Sven gëtt Uspriechpartner fir den GDPR a këmmert sech ëm d’Ëmsetzung.

Unanime ugeholl

7. 2019 PPI General Assembly

  • December 7th and 8th
  • Please use the following form to sign up for the event: bit.ly/PPIGA2019

D’Lucie hëllt un der Sëtzung deel.

8. 10 Jores Feier

  • Den Stand vun der Orga
  • Divers

D’Organisatioun leeft ausser de schrëftlechen Invitatiounen, well dëst vun der Firma falsch gedréckt goufen. Den Eric brauch nach den Accès op de Membersfichier fir d’Invitatiounen fort ze schécken. Wat nach bestallt muss ginn, sinn d’Taassen als Geschenk.

Den Daniel mierkt un, dass et fir d’Bezuelen och Leit ginn, déi op der Plaatz um Event wëlle bezuelen. De Marc a Sven sinn dogéint, well mir eis organiséiere mussen mam Iessen. 

De Präsidium reiteréiert nach emol, dass d’Umeldungen ëmmer mat schrëftlechen Tracen mussen gemaacht ginn.

9. Aarbechtsgruppen

  • Wéi sinn d´Datumer fir déi éischt Aarbechtsgrupp vun all Thema
    • Logement 
    • Mesures macroprudentielles 
    • Klima 

Aktuell ass eng AG geplangt zum Thmea Ëmwelt fir de 27ten November 2019 ab 18h00 zu Koplescht.

Fir weider AG’en gëtt dono nach gekuckt ginn fir d’Organisatioun.

10. Sektioun Stad

  • Gett et een Datum fir d´Generalversammlung?

11. Zougang Jonk Piraten am HQ

  • Wéi gett den Zougang dem neien Präsidium vun den Jopien gewährt?

Propose, een Online-Kalenner opsetzen fir sech anzeschreiwen.

12. Kommissioun fir d´Reform vun de Statutten

  • Wéini ?

Januar ass d’Limitte fir eng AG, fir dass d’Invitatiounen nach zur Zeit eraus kennen.
Newsletter mat Opfuerderung fir Proposen fir Ännerungen eraus ze schecken plus iwwert de Forum vun der Websäit. An dann en Datum fir Mëtt Dezember festleen, wann ee bis wees, wéi vill et ze ännere gëtt.

13. Administratives :

  • Decisioun fir d’Comptabiliteit an Zukunft ëmzeorganiseieren:
    Propose fir den Azur Programm ze benotzen
  • Stempele kaafen
  • Nei Aufgaben fir de Farid:
    • Classement vum Courrier, Facturen, etcFarid als Aufgab de Classement vun den Dokumenter zoudeelen
    • Encodage vun de Facturen
    • Formatioun duerch ween? (Sven, Lucie?)
  • Eng nei Telefonsnummer fir den HQ, fir eng kloer Trennung ze maachen vun HQ an Sensibilitéit

14. Transparenz

  • Online-setzen vun eise Konten (Sensibilitéit a Partei)?

D’Rapporten sollen trimestriell an Zukunft verëffentlecht ginn (mat Respekt vun de perséinlechen Donnéeën vun de Mataarbechter).

15. Statuten:

  • De Präsidium proposéiert eng Ännerung vum Membersbeitrag op 10 Euro

16. Projekt Inklusioun:

eng Hausaufgabenhëllef fir Flüchtlingen als Piraten-Iddi als Inklusiounsthema (Lëtzebuergesch-Coursen). De Sven wäert dës Iddi ausschaffen.

17. Bréif CLAE: si froen fir den Samschden de 7ten Dezember een Discours vu maximal 10 Minutten an der Luxexpo.

De Präsidium proposéiert, dass de Starsky dohinner soll goen.

18. Deng Stëmm (verréckelt op den nächste Präsidium)

***

Nächste Präsidium

De Marc proposéiert nächst Woche e Präsidium z’organiséieren, fir d’Äntwert un d’Cour des Comptes ze presentéieren.

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu