Präsidium vum 15te Januar 2020

Project for Democracy

De Sven wäert ob Stroossbuerg fueren, fir en Austausch.
Am nächste Präsidium wäert hien d’Resultater vum Entretien presentéieren. 
Eng Decisioun, op d’Piraten dem Projet bäitriede wëllen, ass nach net geholl.

Bestellungen: T-Shirten a Rucksäck

Et gi mat engem Budget vun 1000 Euro T-Shirte mat piratesche Motiver bestallt, fir op Braderien asw. ze verkafen.

Et gi Rucksäck mat pirateschem Motiv bestallt mat engem Budget vu 500 Euro, déi mat Hëllef vu Street Angels un Obdachloser verdeelt solle ginn a gefëllt si mat Saachen, déi vu Persounen op der Strooss gebraucht ginn.

Sämtlech Produite wäerte Fairtrade sinn.

Vott fir d‘Bestellung: Unanimitéit

Rapport vun der Cour des Comptes

Positioune vun de PIRATEN sinn am Rapport judiciaire festgehalen an un d’Cour iwwermëttelt ginn. Et gëtt ofgewaart, wéi de Minister wäert reagéieren am Kontext vun der Parteiefinanzéierung an gekuckt wat d’Ermëttlungen am Bezuch zu der Annonce an der WOW erginn.

Falls de Minister decidéiert Suen aus der Parteiefinanzéierung zeréck ze froen, geet d’Partei virun d’Verwaltungsgeriicht. Vott fir an deem Fall kenne virun d’Gericht ze goen: Unanimitéit

Fir dass am Joer 2019 net méi esou vill „Schluderëschkeeten“ am Bilan sinn, gëtt eng „Task Force“ Compta gegrënnt. D’Lucie, de Sven an de Farid schaffen do zesummen.

Et gouf eng Presentatioun vum Odoo gemaach, dem neie Programm fir d’Comptabilitéit.

Reglement fir d’Bäitreeg vun de Mandatairen

D’Cour des Comptes hat an engem Mail vum 31ten Oktober 2019 folgend Observatioun gemaach:

Compte « 70812 Dons » : le compte reprend une quote-part des contributions des députés reversée au parti. Est-ce qu’il existe un « règlement interne » fixant la quote-part des indemnités à reverser par les députés au parti ? Dans l’affirmative, je vous prie de me communiquer une copie de ce « règlement ». Toutefois, au cas où les députés sont obligés (par « règlement interne ») de verser cette quote-part au parti, cette contribution n’est pas à considérer comme don, mais présente une contribution des mandataires de la chambre des députés (cf. Règlement grand-ducal du 23 novembre 2010 fixant un plan comptable uniforme à tenir par les partis politiques – « Compte 7084121 Mandataires de la Chambre des Députés »). Le cas échéant, le relevé des dons supérieurs à 250 EUR transmis au Premier Ministre et au Président de la Chambre des députés serait à rectifier.

Aktuell ass et esou, dass eis Deputéierten 10% vum steierbefreiten Deel vun hierer Indemnisatioun ofginn, dat betrëfft d’Präsenzjetongen an déi monatlech Indemnitéit.

Fir konform mam Gesetz ze sinn a fir datt d’Buchungen um Konto “Mandataires” richteg sinn, ass de Präsidium gebieden dat folgend Reglement unzehuelen, datt dës Praxis vun den Deputéierten u sech schrëftlech festléet.

Vott: De Reglement iwwert d’Fixéieren vun de Bäitreeg vun den Deputéierten gouf eestëmmeg ugeholl.

Parteimataarbechter

Dat nächst Waljoer ass e Joer mat 2 Walen. Et mussen elo schonns Suen dofir ob d’Säit geluecht ginn, mee de Budget léisst nach e Mataarbechter zou; et kéint dofir e Gestionnaire/ Sekretär agestallt ginn vun der Partei.
De Starsky schreift mam Marie-Paule eng Description de poste.

Parteibüro

Et gëtt en neie Büro gesicht fir max. +-2100 Euro mat Chargen a mat Stock.

D’Marie-Paule rifft Immobilienagencen un a mecht Visitë fir e Büro ze fannen. 
De Jo informéiert sech, iwwert e Stockage zu Béiwen-Attert.

Dateschutz

Den XY kritt eng offiziell Vocatioun als DPO vum Marie-Paule.

Zesummenhang posts

Ufank Abrëll waren d’Piraten zesumme mat den anere Memberen vum Aktiounscomité géint Atomkraaft beim Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Entrevue war u sech beim Premier gefrot
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven