Präisnegociatioune mam Pharmacie-Secteur

D’Beneluxa initiative, zu där och Lëtzebuerg säit 2015 gehéiert, verfollegt ënnert anerem d’Zil, den Accès zu qualitativ héichwäertege Medikamenter an d’Folgenofschätzung vu medezineschen Innovatiounen ze verbesseren. Am Kontext vu Medikamenter, déi bei rare Krankheeten zum Asaz kommen, soll d’Beneluxa-Kollaboratioun iwwerdeems vu Bedeitung sinn, fir mam Pharmacie-Secteur iwwer Medikamentepräisser ze negociéieren.  

Vu rare Krankheete schwätzt een, wann net méi wei 5 vun 10.000 Léit vun enger Krankheet betraff sinn. Fir d’Patienten an d’Krankekeesen erginn sech fir d’Traitementer vun esou Krankheeten oft héich Käschten, well eng Masseproduktioun vun de benéidegte Medikamenter opgrond vun der gerénger Nofro net méiglech ass. Dat bedeit, dass iwwert ee Behandlungsjoer och schonns emol Käschte vun enger hallwer Millioun Euro ufale kënnen, fir e Patient mat enger rarer Krankheet ze soignéieren. Esou gëtt séier ersiichtlech firwat international Negociatioune mam Pharmacie-Secteur vu grousser Wichtegkeet sinn, wann et em d’Accessibilitéit vu seelene Medikamenter geet. 

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Gesondheetsminister eng parlamentarescher Fro gestallt:

  • Wéi schätzt de Minister – elo, bal véier Joer nom Bäitrëtt zu der Initiative – d’Resultater vun der internationaler Zesummenaarbecht an?
    Wéi eng Konsequenzen hunn sech fir Lëtzebuerg erginn a wéi eng fir d’Partnerlänner?
  • Léisst sech an der Gesondheetspolitik eng kloer Verbesserung vun der géigesäiteger Berodung an der internationaler Koordinatioun tëscht de Partnerlänner vun der Beneluxa initiative erkennen?
  • Ginn et zum aktuellen Zäitpunkt aner europäesch Länner, déi sech der Initiative an Zukunft wéilten uschléissen?
    Falls jo: Em wéi eng Länner handelt et sech?
  • Wéi hunn sech d’Präisser vu Medikamenter fir Patiente mat rare Krankheete säit der Grënnung vun der Beneluxa initiative entwéckelt?Huet d’Beneluxa konkreten Afloss op d’Präisser vu verschiddene Medikamenter gehat?
    Falls jo: Em wéi eng Medikamenter handelt et sech?
    Falls nee: Wisou net?
  • Wéi eng konkret Resultater kennen sech Patiente mat rare Krankheeten an Zukunft duerch d’international Kooperatioun innerhalb vun der Beneluxa erwaarden?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene