PPP pour la réalisation de logements abordables

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP) pour la réalisation de logements abordables.
Heirënner fale folgend Iddien:
• Réalisation de projets pilotes sur terrains privés ;
• Réalisation de projets pilotes sur terrains privés pour logements salariés ;
• Réalisation de projets pilotes sur terrains publics :
• Procédures relatives à l’acquisition de logements en vente en l’état futur d’achèvement (VEFA) par l’État.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit den aktuelle Stand vun de Pilotprojeten aus? Kann de Minister d’Projeten oplëschten?

  2. Wéi eng Projete ginn aktuell gebaut a wéi vill Projete ginn haut scho fir d’Wunne genotzt?

  3. Am Staatsbudget 2024 hat d’Regierung sech mat 222 Milliounen virgeholl, fir proaktiv Immobilieprojeten opzekafen (VEFA) fir esou d’Unzuel un erschwéngleche Wunnengen an ëffentlecher Hand signifikativ opzestocken.
    • Wéi vill Wunnenge goufen 2024 kaf a wat huet de Staat dofir bezuelt?
    • Wéini kënnen dës Wunnenge bewunnt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2102

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen