Loyeren indexéieren: domadder muss Schluss sinn!

A verschiddene Mietverträg gëtt de Loyer nach indexéiert. Dat bedeit, dass bei all Indextranche de Loyer vum Locataire eropgeet. Virun allem am Commerce ass dat de Fall, mee och beim loune vu Wunnenge kënnt et awer nach vir, obwuel am Mietgesetz virgesinn ass, dass de Locataire sech dogéint wiere kann.

Näischt schwätzt géint Upassunge vum Loyer, virun allem wann sech fir ee Proprietär méi Käschten erginn, zum Beispill duerch méi Zënsen oder Renovéierungen. Mee fir déi Fäll ginn et speziell Prozedure fir eng Erhéijung vum Loyer, am Accord mam Locataire, ze beschléissen.

Et gëtt kee gudde Grond fir eng Indexéierung vum Loyer: d’Gebaier huelen u Wäert zou a sinn duerch ee Wäertverloscht duerch d’Inflatioun gutt geschützt. Och d’Käschte vum Appartement ginn, ausser dem Zënsen op engem Prêt, normalerweis net erop mat der Inflatioun. D?Chargë bezilt de Locataire souwisou schonns.

Deemno ass d’Indexéierung vum Loyer Quatsch, ob fir Wunnengen oder fir kleng Geschäfter.

Dofir hu mir Piraten eng Propose fir een neit Gesetz an der Chamber deposéiert.

Et muss Schluss sinn mat der Indexéierung vu Loyeren!

 

Verlaf an der Chamber

PDF vun eiser Propose

 

Iwwregens: och beim FOnds du Logement sinn d’Loyeren indexéiert. Dat fanne mir och schlecht!

https://piraten.luindexeierung-vu-loyeren-beim-fonds-du-logement/

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt