POST Recommandé électronique

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post selwer schreift op hirer Website:
“”Le recommandé électronique de POST Luxembourg respecte les exigences du service d’envoi recommandé électronique qualifié au sens du règlement (UE) n° 910/2014.””

Mir sinn awer Fäll zu Ae komm, wou Verwaltungen de Recommandé électronique ignoréiert hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Recommandé électronique och vu Bierger:innen genotzt ginn, fir Messagen u staatlech Verwaltungen ze schécken? Ass dës Form vum Verschécken equivalent zum Verschécke vu Recommandésbréiwer a Papeierform?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 635

Mir hunn eng Réckfro zu dëser Fro gestallt:

An der Äntwert op d’Fro n°635 schreift de Wirtschaftsminister, dass

1) de Recommandé électronique bei der POST Lëtzebuerg äquivalent mat engem Recommandésbréif a Pabeierform ass; 
2) dass d’Regierung wäert un enger Promotioun vun dësem Service bei de Verwaltunge schaffen.

Domadder gouf leider net op d’Fro geäntwert, ob d’Bierger:innen dëse Service dann haut effektiv kënnen notzen. Eis ass ee Fall bekannt vun enger Verwaltung, déi den elektronesche Recommandé ignoréiert huet.

  1. Wann de Recommandé électronique haut schonns equivalent ass, firwat ignoréiere verschidde Verwaltunge beim Staat dësen?
  2. Kann de Recommandé électronique, Stand elo, vun de Bierger:innen genotzt ginn, fir Korrespondenzen u staatlech Verwaltungen ze schécken a mussen all d’Verwaltungen dësen och unhuelen, wéi ee Recommandésbréif a Papeierform? Falls nee, ob wéi enger Base légale begrënnt sech, dass Verwaltungen dat net maachen?

Fro n°778

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen