D’Piraten hunn zwee Bréiwer an der Chamber deposéiert.
Am éischte Bréif freet de Marc Goergen fir den Ex-Verdeedegungs Minister Etienne Schneider am Fall vum Policeregister an d’Justizkommissioun ze invitéieren fir do als Responsabelen vun 2013 bis 2018 den Depiutéierten zur Ried ze stoen.
Am zweete Bréif freet de Marc eng Visitt vun der zoustänneger Kommissioun (Commission des Affaires intérieures) fir d’Sitte vum CGDIS besichen ze goen. Duerch ee Gesetz vum leschte Joer sinn d’Services de Secours reorganiséiert ginn ënnert dem Daach vum CGDIS. D’Pirate wéilte gären d’Acteuren an d’Kasäre besiche goen fir mat hinnen iwwert hir Erausfuerderungen ze schwätzen a wéi si d’Reform no engem Joer bewäerten.