Positiv Schnelltester vun engem Professionellen

Wann eng Persoun selwer ee Schnelltest mëscht, wou d’Resultat positiv ass, kann si dëst Resultat op covidtracing.public.lu mellen a kritt, laut Facebook-Post vum Ministère de la Santé vum 31.12.2021, no e puer Stonne per E-Mail eng Ordonnance fir ee Schnelltest. Am Fall wou eng Persoun anzwousch geet, fir ee certifizéierte Schnelltest ze maachen ass et um Professionellen, fir d’positiivt Resultat ze deklaréieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kréien déi concernéiert Persoune bei engem positive Schnelltest vun engem Professionellen och eng Ordonnance vun der Santé fir ee PCR-Test geschéckt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5452

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt