Positioun zu der Sécherheet zu Esch Uelzecht

Prise de position

Dir Dammen an Dir Hären,

Heimat wéilte mir Pirate gären eise Standpunkt duerleeë wat d‘Kriminalitéit&d’Sécherheet zu Esch an op anere Plazen am Land ugeet.

D’Piraten hunn de 27. September 2019 eng parlamentaresch Fro iwwert d’Sécherheetssituatioun zu Esch/Uelzecht gestallt. Dëst fir präzis Informatiounen an eng Aschätzung vun den zoustännege Ministeren iwwert d’Sécherheetssituatioun op der Plaz ze kréien. Mir wollten Donnéeë vun Esch Uelzecht, iwwert e gewëssen Zäitraum, an och am Verglach mat anere Stied zu Lëtzebuerg hunn. Mir hunn, Stand der Dinge haut, nach keng ëffentlech Interpretatioun vun dësen Zuele gemaach. Et ass eng reng faktuell Recolte vun Donnéeën gewiescht, déi mir mëttelfristeg fir konkret Verbesserungsvirschléi an der Chamber wëllen notzen. Den aktuellen Debat bitt Eis, als Partei, awer elo Geleeënheet endlech eng lucide Diskussioun iwwert d‘Situatioun zu Esch unzestoussen.

Hei e puer Positiounen vun der Piratepartei zum Sujet:

1. Policepatrullen:

Eng erhéichte Policepräsenz ass néideg. Dëst huet d’Ministesch den Escher an hirer Äntwert op d‘parlamentaresch Fro vum Marc Goergen jo och nach eng Kéier confirméiert. Den Effektiv u Poliziste gëtt elo erhéicht. Dëst ass, an eisen Aen, een éischte Schrëtt fir de Biergerinnen a Bierger an hire Bedenken entgéint ze kommen a méi Präsenz am Quartier ze weisen.

2. Méi Moyen‘en, fir d‘Akteuren, déi um Terrain schaffen:

D’Piraten wëllen, datt de Leit, déi vun eiser Gesellschaft ausgeschloss sinn, gehollef gëtt. De Staat muss Alternative bidden, fir aus der Kriminalitéit erauszekommen. Et brauch massiv Investissementer, fir dës Mënschen opzebauen, an an ee gereegelt Liewen zréck ze féieren. Mir fuerderen eng drastesch Augmentatioun vun de Moyen‘en, déi aktuell fir d‘Jugendaarbecht, d‘Drogepräventioun, d‘Gewaltpräventioun, Formatiounen etc. zur Verfügung stinn. Hei sinn d‘Gemeng an de Familljeministère gefuerdert. Streetworker a Jugendhaiser maachen eng wäertvoll Aarbecht a musse méi ënnerstëtzt ginn. Si si fir di Jonk wichteg Uspriechpartner a kennen de Milieu am beschten.

3. Eng besser a modern Drogepolitik:

D‘Piratepartei weist och op déi desastréis Drogepolitik vun de leschte Joerzéngten hin. Ass et net dës Politik, déi massiv zu deenen haitege Verhältnisser zu Esch, an der Stad an op anere Plazen am Land bäigedroen huet? Mënschen, déi Droge konsuméieren – an där ginn et net wéineg, wéi rezent Analyse vum Ofwaasser gewisen hunn – gi weiderhi kriminaliséiert an zesumme mat Schwéierverbriecher an een Dëppe geheit. Hei muss een Ëmdenke stattfannen! Doriwwer eraus, si Mir verwonnert iwwert d‘Duerstellung vun eiser Partei an der ëffentlecher Diskussioun als eng rietspopulistesch Partei. D’Piratepartei baséiert op de Grondwäerter vun der Toleranz an der Diversitéit a wiert sech vehement géint de Virworf vum Rietspopulismus. Mir setzen eis säit 10 Joer dofir an, datt d’Gesellschaft Minoritéiten unerkennt an de Sujet Kriminalitéit differenzéiert abordéiert gëtt. Eis alsriets duerzestellen hëlleft um Terrain weder de Leit, déi mat der Kriminalitéit gehäit sinn, nach de Mënschen, déi keng Chance am Liewen haten an an ee kriminelle Milieu gerutscht sinn.

Dir Dammen an dir Hären,

Mat déiwem Respekt,

Marc Goergen

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister