D’Lëtzebuerger Regierung huet ganz fréi am Kader vun der Covid-19-Pandemie op en effektiven a flächendeckende Testing gesat fir d’Pandemie zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien. Am Géigesaz zu anere Länner goufen d’Tester zu Lëtzebuerg net ofhängeg gemaach dovunner vu wou een hierkoum oder wien een ass. D’Ziel war an ass et fir méiglechst vill Infizéierter ze detektéieren an hir Kontakter ze tracéiere fir esou Infektiounsketten z’ënnerbriechen.
D’Press huet elo rapportéiert datt de Jean Asselborn, als Ausseminister en Test zu Berlin refuséiert hätt mat der Begrënnung hie wier jo net aus engem Risikogebitt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass et wouer datt den Ausseminister vun den däitschen Autoritéiten zu engem Test opgefuerdert gouf an dëse refuséiert huet?
-
Falls jo, huet hien dës Decisioun selwer getraff?
-
Huet sech der lëtzebuergescher Regierung hir Meenung zur Teststrategie geännert?
-
Falls nee, sinn d’Madamm Gesondheetsministesch an den Här Ausseminister net der Meenung datt ee grad als Politiker misst mat guddem Beispill virgoen an sech bei all Invitatioun teste loossen amplaz dës ze refuséieren?
QP Nummer 2740