Porte à porte fir d’Walcampagne

Et ass politesche Gruppéierunge verbueden, fir bei d’Leit schellen ze goen a se iwwert d’Walen z’informéieren, also ee”Porte à porte” ze maachen. Dëst Verbuet ass am Artikel 95 vum Walgesetz festgehalen:
“Est puni d’une amende de 500 à 5.000 euros celui qui, sous prétexte d’indemnité de voyage ou de séjour, a donné, offert ou promis aux électeurs une somme d’argent ou des valeurs ou avantages quelconques. […] Est encore puni de la même peine quiconque, en tout temps et dans un but électoral, a visité ou fait visiter à domicile un ou plusieurs électeurs.”

Mir hu festgestallt, dass eng Partei hei am Land esou ee “Porte à porte” organiséiert. Op der Facebook-Säit “Our City, Our Votes / Notre Ville, Nos Votes” fënnt een doriwwer e gesponserte Post. An engem Artikel vum 20te Januar op delano.lu seet dës Partei ganz oppen, firwat si esou eng Campagne maachen (https://delano.lu/article/dei-lenk-go-door-to-door-to-si).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fält den “door to door campaigning”, sou wéi en am Post presentéiert gëtt, ënnert d’Verbuet, wéi et am Artikel 95 vum Walgesetz definéiert ass?
    Falls jo, wat gedenkt d’Ministesch an dëser Situatioun z’ënnerhuelen?

  2. An enger Bréifäntwert, déi eis virleit, schreiwen d’Initiateure vun der Door-to-door campagne, dass d’Verbuet vum “Porte à portes” net am Aklang mat der neier Verfassung wier (Artikel 27 a 37). Zitat:
    “”Nous estimons qu’au regard de ces dispoisitions, l’art. 95 de la loi électoriale de 2003 ne manquerait pas d’être déclaré inconstitutionnel par la Cour constitutionnelle en cas de litige à ce sujet, dans la mesure où il viole le contenu essentiel des libertés publiques consenties aux partis politiques, constitue une mesure non nécessaire dans une société démocratique, ne répond à aucun intérêt général, ne protège aucun droit et, même si tel était le cas, serait de nature totalement disproportionnée par rapport à l’éventuel but poursuivi.””

    Inwiefern deelt d’Ministesch dës Aschätzung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7690

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst