Gemeinsame Policebüro zu Péiteng/Käerjeng

Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an den CGDIS entstoen ze loossen. A menge parlamentaresche Froen n°3404, 5328 a 6362 hat ech deemools schonn Informatiounen zu dësem Projet gefrot. An der Äntwert op meng Fro n°3404, waren zu deem Zäitpunkt nach keng Verhandlungen amgaangen, fir een neit Policekommissariat an d’Rue de Linger op der Grenz tëschent Péiteng a Käerjeng z’erriichten. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 6362 (am Juni 2022) gouf geschriwwen, dass den Dossier vum Comité d’acquisition beim Finanzministère traitéiert gëtt a beim CGDIS vu sengem Verwaltungsrot. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hält de Minister weider dru fest, fir ee Policebüro an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëscht Käerjeng a Péiteng z’erriichten? 

  2. Ginn et Fortschrëtter an dësem Dossier? Falls jo, wou sinn d’Diskussiounen drun?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt