Police-Unitéit op Päerd

An enger parlamentarescher Fro vun 2019 (n°1133) hat de fréieren Deputéierten an haitegen Ëmweltminister d’Iddi opbruecht, fir eng Police-Unitéit anzeféieren, déi mat Päerd dobaussen ënnerwee sinn. Den deemolege Policeminister huet a senger Äntwert hei méi Nodeeler ewéi Virdeeler gesinn an dës Optioun dofir ausgeschloss. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit den aktuelle Minister d’Iddi vun enger Unitéit mat Päerd bei der Police?

  2. Existéieren aktuell Initiative beim Ministère, fir esou eng Päerd-Staffel anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2579

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen