Feehlt et u Polizist:innen an de Kommissariater?

Den Inneminister hat d’lescht Joer Polizist:innen aus anere Regiounen am Land temporär ofgezunn, fir d’Equippen an der Stad z’ënnerstëtzen. An der Press war lescht Joer och ze liesen, dass mol net d’Gemenge wëssen, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater an hirer Géigend ofgezu goufen. 

An de leschte Jore goufen et vill Diskussiounen doriwwer, dass d’Police méi Personal brauch, fir sengen Aufgabe kënnen nozekommen a verschidde Kommissariater ënnerbesat sinn. Dës trotz der Rekrutementswell vun 200 Poliziste pro Joer, déi vum viregte Policeminister an d’Liewen ugefaange gouf. Am leschte Rapport vun 2023 gëtt d’Zuel vun 3111 Polizist:innen genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Polizist:innen waren den 1te Januar 2025 bei der Police agestallt, opgedeelt nom ziville Beräich an no Polizisten “um Terrain”?

  2. Wéi vill vun de 34 Kommissariater si physesch 7 Deeg op 7 ronderëm d’Auer fir de Bierger op?

  3. Kann de Minister bestätegen oder widderleeën, dass verschidde Kommissariater nach ëmmer personell ënnerbesat sinn (ouni strategesch oder taktesch Informatiounen ze verroden)?

  4. Ass séchergestallt, dass an all Regioun, wou ee Kommissariat ass, ëmmer op mannst véier Polizist:innen zu all Auerzäit disponibel sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1974

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt