Polizisten-Mangel an de Gemengen wéinst Heescheverbuet

Den Inneminister huet zënter dem 15te Januar fir d’Ëmsetzung vum Heescheverbuet Polizist:innen aus anere Regiounen am Land temporär ofgezunn, fir d’Equipe an der Stad z’ënnerstëtzen.

An enger Chamberssitzung zu dësem Thema am Januar hat de Minister Detailer doriwwer geliwwert, wéi vill Polizist:innen aus dem Land ofgezu goufen. Genee Zuelen huet hien aus Sécherheetsgrënn net an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°191 publizéiert.
An der Press liest een, dass mol net d’Gemenge wëssen, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater an hirer Géigend ofgezu goufen. An der Sitzung vum Déifferdenger Gemengerot huet de Buergermeeschter gesot, dass een sech “erkundigen kann”, wéi d’Wort an engem Artikel vum 8te Mäerz beriicht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kruten d’Gemengen Zuelen doriwwer, wéi vill Polizisten aus de Kommissariater ofgezunn goufen? Falls nee, wäert de Minister de Gemengen dës Zuelen nach liwweren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 454

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt