Mangel u PMR-Parkplazen beim neie Futtballstadioun

De 25te September gouf de neie Futtball- a Rugbystadion zu Lëtzebuerg ageweit. Zanterdeem ass de Stadion och scho fir verschidden Eventer benotzt ginn, sou och beim leschte Lännermatch vun der lëtzebuergescher Futtballnationalekipp géint Irland. Wéi mer awer vun e puer betraffene Persoune matgedeelt gouf, wieren zur Zäit wéineg Parkplaze fir Persoune mat kierperleche Beanträchtegungen um Site disponibel. Wéi een an der Beschreiwung vum Stadion (Editeur: Ville de Luxembourg, September 2021) noliese kann, wieren um oppene Parking insgesamt 228 Parkplazen, wouvunner ganzer 6 Stéck (2,6%) fir Persoune mat enger Beanträchtegung reservéiert sinn. De Sportsministère huet de Bau vum Stadion mat 40 Milliounen Euro matfinanzéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass virgesinn, dass an Zukunft méi PMR-Parkplaze virum Stadion wäerten zur Verfügung stoen, wëssend, dass am Parkhaus eng 50 PMR-Sëtzplaze virgesi sinn?

  2. Wéi vill Platze ware beim leschte Lännermatch tëschent Lëtzebuerg an Irland fir VIPen reservéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5266

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt