Plurimédia

D’Plurimédia-Studie war an de leschte Jore mat déi eenzeg Referenz wann et ëm Mediefuerschung gaangen ass. Op Nofro vu reporter.lu, gëtt de Staatsministère follgendermoossen zitéiert: „Die Studie würde Informationen liefern, die von Interesse für den gesamten nationalen Mediensektor sind“. Wéi op ville Plazen an de Medie bericht ginn ass, sinn déi lescht Resultater opgrond vu methodologesche Problemer net publizéiert ginn. Dorops opbauend gi bei de Commanditairen an den operationelle Betriber Iwwerleeunge gefouert, wéi een eng nei Etude konzeptualiséiere kann. Och de Finanzement an de Choix vun de Commanditairen gëtt diskutéiert. Aus dëse Grënn stellen sech och op ëffentlecher Säit aktuell vill Froen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Iwwert den Zäitraum vun de leschte 5 Joer gekuckt, wéi héich wor (pro Joer) d’finanziell an d’proportional Bedeelegung vum Staat um Gesamtbudget vun der Etude? 

  2. Aus gesécherte Quelle wësse mir, dass aktuell iwwert eng nei Etude negociéiert gëtt säitens de Commanditairen. Ass de Ministère an dëse Verhandlunge mat agebonnen? Wéi ass de Stand vun dësen Diskussiounen? 

  3. Wéi positionéiert sech de Ministère allgemeng zu enger méiglecher Finanzéierung vun enger Plurimédia-Studie? Ass de Ministère nach disposéiert sech un enger eventueller Etude, wéi Methodologie och ëmmer wäert ausfalen, ze bedeelegen? 

  4. En vue vun der vum Ministère confirméierte Wichtegkeet vun den Informatiounen déi aus esou enger Etude erausginn, ginn et Iwwerleeunge säitens dem Ministère eng eegen Etude ze konzeptualiséieren, déi onofhängeg vu private Medienhaiser wier? Falls nee, aus wéi enge Grënn ginn esou Iwwerleeungen net gefouert?

  5. Opbauend op de Prinzippie vun der Transparenz an de Conditioune vun engem ëffentlechen Investissement, plangt de Staat der Chamber Accès zu de Resultater aus der net publizéierter Etude ze ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 375

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene