Plug&Charge System

Op Basis vun der ISO-Norm 15118 gouf de sougenannte Plug&Charge-System opgebaut. Dëse System erméiglecht et, dass Besëtzer vun E-Autoen, no enger éischter Registréierung just nach brauchen de Stecker bei der Luetstatioun eran an erëm eraus ze stiechen. D’Bezuele leeft automatesch iwwert déi bei der Registréierung uginn’e Bezuelmethod of. Esou spuert een Zäit, an et brauch een net méi opzepassen, wéi eng d’Luetstatiounen, wéi eng Bezuelmethode fuerderen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet de Minister zum Plug&Charge-System?

  2. Wéi vill Bornen zu Lëtzebuerg ënnerstetzen haut dëse System?

  3. Wéi steet de Minister zu enger EU-wäiter obligatorescher Aféierung vun esou engem System?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5653

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt